lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Opnahm vu Maria am Himmel ABC

Lk 1,39-56

39 An deenen Deeg huet d’Maria sech op de Wee gemaach an sech geflass, fir an eng Stad an de Bierger vu Judäa ze goen.

40 Do ass si an dem Zacharias säin Haus eragaang, an si huet d’Elisabeth begréisst.

41 Wéi d’Elisabeth der Maria hire Grouss héieren huet, ass et geschitt, datt d’Kand an hirem Schouss sech beweegt huet an datt d’Elisabeth vun hellegem Geescht erfëllt gouf.

42 Si huet haart geruff: "Geseent bass du ënner de Fraen, a geseent ass d’Fruucht an dengem Schouss!

43 Wie sinn ech, datt mengem Här seng Mamm bei mech kënnt?

44 Well kuck, wéi ech däi Grouss héieren hunn, huet d’Kand a mengem Schouss sech vu Freed beweegt.

45 Glécklech ass déi Fra, déi gegleeft huet, datt dat an Erfëllung geet, wat hir vum Här gesot gouf!"

46 Du sot d’Maria: "Meng Séil verkënnegt d’Gréisst vum Här,

47 a mäi Geescht jubiléiert iwwer Gott, mäi Retter,

48 well op d’Damiddegkeet vun senger Mod huet hie gekuckt. Jo, vun elo un heesche mech glécklech all d’Generatiounen,

49 well dee Mächtegen huet fir mech Grousses gedoen. Helleg ass säin Numm,

50 an säin Erbaarmen, vu Generatioun zu Generatioun, gëllt deenen, déi hie fäerten.

51 Gewalteges deet hie mat sengem Aarm, hie jeet déijéineg auseneen, déi bis an hiert Häerz iwwerhieflech sinn;

52 déi Mächteg geheit hien erof vum Troun, an déi Damiddeg riicht hien op,

53 déi Hongreg siedegt hie mat gudde Gowen, an déi Räich schéckt hie fort mat eidelen Hänn.

54 Hien hëlt sech sengem Kniecht Israel senger un an denkt un säin Erbaarmen

55 – wéi hien eise Pappe versprach huet – fir den Abraham an seng Nokomme fir ëmmer an éiweg."

56 D’Maria ass ongeféier dräi Méint bei der Elisabeth bliwwen, dunn ass si nees heem bei sech gaang.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu