lb fr pt en
Jahr A (2016-2017)  
29. Juli 2017

En Häerz dat op ass fir Gott

30.07.2017

Mt 13, 44-52

Wär dat net fantastesch wa mir, wéi de Kinnek Salomon, e Wonsch fräi hätte bei Gott? Mir kennen all d’Märercher wou e Mënsch dräi Wënsch fräi huet. Meeschtens, oder esouguer ëmmer, geet dat katastrophal aus. Déi eng déi hunn esou en domme Wonsch geäussert, datt se näischt dervun haten aus Egoismus a Boussegkeet. Erënnere mer eis un d’Holzfällerfamill, de Mann hat Honger a wënscht sech mat deem éischte Wonsch e grousse Kranz Wurscht. Doriwwer gëtt seng Fra jo esou béiss, datt se wënscht datt dee Mann déi ganzen Zäit déi Wurscht u senger Nues hänken hätt. De leschte Wonsch deen iwwreg bleift, dee muss da gebraucht gi fir erëm alles an d’Rei ze kréien, a se hunn näischt dervun.

De Salomon a sengen Dreem, dee freet net e laangt Liewen, net Geld, Muecht oder e Palast, mä e freet en Häerz dat op ass fir Gott. Hie wënscht sech am Fong geholl dat wat am Evangelium mat dem Schatz a mat der Pärel gemengt ass. Ech denke mir sinn all op där Sich no deem Schatz, no där Pärel, an de Jesus deen hëlleft eis derbäi. Do gebraucht hien ebe Biller, déi demools wéi haut nach am Gebrauch sinn, besonnesch an de mënschleche Bezéiungen awer och am Geschäft: mäi Schatz, meng Pärel, engem an d’Netz goen.

Jo, an der Literatur, an och an de Reliounen, ass et awer säit ëmmer kloer, datt de richtegen a wäertvolle Räichtum besonnesch a Wierker vun der Barmhäerzegkeet, der Freed, Gerechtegkeet, Wourecht, Trei, Léift, Frëndschaft, Gebuergenheet läit. Ech mierken awer och wéi schwéier et ass fir d’Freed vun dëse Saache weider ze vermëttelen. Ech war an engem Grupp vu Mënschen, virun e puer Wochen, déi éischter Trübsal geblosen hunn an ech weess vu Versammlunge vu Matbridder, wou soss näischt gemaach gëtt wéi gejéimert. Ech kenne Mënschen, déi nëmme kloen a keimen, déi alles negativ gesinn an alles wat positiv ass iergendwéi verdrängen. Et ass kloer, et kann een net duerch d’Welt goen an ëmmer ,nur lächeln‘. Dat wär eng Ligen oder Theater, wann een d’Leed, d’Krankheet, Nout an Dout gesäit. Et ass also wichteg, datt een do léiert mat Gott ze kämpfen.

Hei läit awer sécher dee gréisste Problem vun eiser Zäit: Déi meescht Mënsche kenne Gott net als de Schatz, d’Pärel, d’Netz, mä als de Riichter, als deen, deen e Fanger mécht, als deen, dee Gesetzer erléist, Reegelen, Verbueter. De Problem ass wéi zur Zäit vum Jesus: D’Mënsche verwiessele Gott a säi Räich mat der Kierch, de Bëscheef, de Paschtéier, de Chrëschten. An do si mer alleguer gefuerdert, alleguer, déi mer elo deen Text hei liesen. Mir kënnen ongeheier vill erreechen duerch dat wat mer liewen, sinn a maachen. Mir kënnen doropshin Mënschen an hirer Nout begleeden, mir kënnen eis Pärelen deelen, eise Schatz liichte loossen, mir kënne matgi vun deem wat mir an eisem Netz hunn. Mir kënnen deem hëllefen, deen no sengem Schatz sicht. Dat soll awer wa méiglech geschéien ouni fromm Spréch, ouni Drohungen, ouni Angscht auszedrécken a besonnesch ouni déi alles lähmend Besserwisserei, déi esou schrecklech frustrant ass an déi deejéinegen awer och guer net bereet ass z’erkennen, anzesetzen an ze weisen.
Léif Leit, et geet oft duer do ze sinn, verfügbar, offen, fräi, frëndlech, echt. Dëst diskret Angebot vu menger, vun denger Freed um Räich Gottes, vu mengem, vun dengem Vertrauen un d’Léift vum Herrgott fir seng Schëpfung, ka fir déi aner de Rettungsréng sinn, dee se genee an deem Abléck brauchen. Op deen aneren dëse Rettungsréng unhëlt an och eppes dermat ufänkt fir seng eege Pärel ze sichen, dat hängt vu Gott, awer besonnesch vun him selwer of. An ech mengen, dat ass gutt esou.

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu