Homepage>Glawen & Pastoral . Foi & Pastorale >Texter a Kommentaren . Textes et commentaires >Kommentar zum Sonntag >Jahr A (2016-2017) >
lb | fr | pt | en |
Jahr A (2016-2017)
24. November 2016
Advent – Waarden...
Gedanke fir den Advent
Advent – Waarden
Advent – waarden …
Och nach an eiser Zäit?
Trotz Middegkeet a Resignatioun,
trotz Drogen an Alkohol,
trotz Kriibs an Aids,
trotz Scheedungen a Sträit,
trotz Iwwerschëldung a Misär,
trotz Haltlosegkeet a Manktem u Wäermt?
Advent – waarden ...
Och nach an eiser Zäit?
Trotz Wuelstand a Konsum,
trotz Egoismus a Berechnung,
trotz Wäertpapeieren a Bankgeschäfter,
trotz Computer an Internet,
trotz Handy an E-Mail,
trotz Hektik a Stress?
Advent – waarden ...
Firwat?
Dem Waarden e Sënn ginn,
der Hoffnung eng Chance bidden,
dem Fridden eng Dir opmaachen,
dem Fonke Glaf Zukunft loossen,
der Mënschlechkeet Raum verschafen,
der Léift e Gesiicht ginn...
Advent – waarden!
Dofir!
Grad an eiser Zäit!
Monique Hermes
Kuckt och . Voir aussi
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique