lb | fr | pt | en |
Ech sinn dat liewegt Brout
Kommentar zum 20. Sonndeg am Joreskrees (19.08.2018)
„Ech sinn dat liewegt Brout, dat aus dem Himmel erofkomm ass: Wann ee vun dësem Brout ësst, da lieft hien an Éiwegkeet; d’Brout, dat ech ginn, dat ass mäi Fleesch fir d’Liewe vun der Welt.“ (Joh 6, 51).
Dës Wieder aus dem Mond vu Jesus Christus hu fir ons Katholiken eng déif Bedeitung, well dee Moment huet hien seng eucharistesch Präsenz ugekënnegt. Näischt am Liewe vun der Kierch ass méi wichteg ewéi d’Eucharistie. D’Eucharistie ass d’Léift vun engem Frënd, deen ëmmer bei ons ass, dee mat ons fillt, an ons mat onse Problemer net eleng léist. An der Eucharistie ass Gott ons wahrhafteg no. Jo, d’Eucharistie ass d’Mëtt vun onser Relioun. An dës Mëtt fanne mer och an der Mëtt vun onse Kierchegebaier. Am Tabernakel ass hien, Jesus Christus, onse Frënd, onse Brudder do. Am Tabernakel wunnt den eucharistesche Jesus, de Jesus selwer, deen duerch seng Präsenz d’Liewe vu ville Mënsche beaflosst. An dofir straalt den Tabernakel och eng berouegend, waarmhäerzeg Atmosphäre aus, déi jidderee spiert dee gleeft. Den Tabernakel, d’Mëtt vun onser Kierch, d’Mëtt vun onse Kierchen. D’Wäermt an onse Kierchen kennt duerch den Tabernakel. Huele mer hien aus dem Gebai, dann ass et kal an deene Gebaier. Grad an onsem Kontext vun der Kierch hei zu Lëtzebuerg, mat Desakralisatioune vu Kierchegebaier, déi sech um Horizont ofzeechnen ass dëst Evangelium eng grouss Erausfuerderung an een Opruff un ons. Well do wou mer Jesus Christus, onse Brudder a Frënd eleng loossen, jo do ass et op eemol séier geschitt: d’Gebai verléiert seng Wäermt, Jesus Christus ass do net méi doheem.
Fir dat et net iwwerall esou wait kennt, invitéieren ech Iech dëst Evangelium an äert Häerz ze schléissen, an d’Mëtt vun onser Relioun nei ze entdecken. Jesus Christus huet sech ganz kleng gemaach, a schenkt sech am Zeeche vu Brout a Wäin. Dëst feiere mer an all Mass, an an der Wandlung geschitt dëst Geheimnis vum Glawen ëmmer erëm op en Neits. Am Lidd N°546 aus dem Magnificat sange mer dëst mat de Wieder vum Thomas vun Aquin “Gottheit tief verborgen, betend nah ich dir. Unter diesen Zeichen bist du wahrhaft hier.” Jesus Christus ass an der Hostie real, d.h. wierklech, substantiell géigewäerteg, awer an der Gestalt vu Brout a Wäin. D’Hostie ass kee Brout méi, mä et ass Jesus Christus, deen sech der Erscheinungsform vum Brout bedéngt. Jesus Christus selwer huet dës Form gewielt fir bei de Mënschen ze sinn, well hien domadder ouni Problemer eppes Grousses erfëllen kann, nämlech mat jidder eenzele Mënsch vereent ze sinn.
Jesus Christus well sech mat Dir vereenen, zeck net a géi bei hien, huel en op an Dir! Wann mer dëst Geheimnis vum Glaawen néi kenne léieren, néi schätze léieren, da brauch ons keng Angscht ze si fir d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Kierch. Jesus Christus selwer rifft ons, loost ons him no sinn, hien an ons ophuelen, der Mëtt vun onsem Glaawen no sinn an domadder och Kierch sinn.
Quell: Luxemburger Wort