lb fr pt en
Jahr B (2017-2018)  
29. September 2018

Net géinteneen, mä mateneen

De Kommentar zum 26. Sonndeg am Joreskrees vum Raymond Streweler (30.9.2018)

Mk 9, 38-43.45.47-48

Et gëtt Mënschen, déi näischt gëlle loossen, wat net an hirem Gaart gewuess ass. Deenen, déi net zu hirem Clan, zu hirer Partei, zu hirer Gewerkschaft, zu hirer Kierch gehéieren, traue si näischt zou. Och d’Jünger vu Jesus protestéieren, datt een, deen net zu hirem Grupp gehéiert, am Numm vu Jesus Dämonen ausdreift. Jesus soll him dat verbidden, „well hien net zu äis gehéiert“ (Mk 9, 38).

Dämonen gëtt et der eng Onmass. Si schwätzen d’Sprooch vum Näid, vun der Iwwerhieflechkeet, vun der Feindschaft, vum Egoismus, vun der Intoleranz. Et gëtt Mënschen, déi mat hirem Asaz dës Dämone bekämpfen. Si schafe Gerechtegkeet a Fridden, si gesinn d’Nout an hëllefen, si sinn do ze fannen, wou Béises duerch Guddes iwwerwonne gëtt. D’Jünger vu Jesus mengen, si hätten duerzou e Monopol.

Jesus ass anerer Meenung. Wie Guddes a sengem Numm mécht, ass um richtege Wee. Wien déi mächteg Dämonen an der Welt net gewäerde léisst, handelt wéi Jesu.

Freeën däerfe mir äis iwwert déi vill Fräiwëlleg an deene sëllechen ONG’en, déi hëllefen an do asprangen, wou Nout ass. Freeën däerfe mir äis iwwert déi vill jonk Leit, déi d’Natur, d’Ëmwelt an d’Déiere mat intelligenten Iddien a vollem Asaz schützen an deen néidege Liewensraum erhalen, och wa si net all Sonndeg an d’Mass ginn. Sinn dat keng Wonner an eiser egoistescher a kaler Welt, Wonner vu selbstlosem Asaz fir d’Mënschen an d’Wäerter, déi d’Liewe sënnvoll maachen?

Wéi kéint dat géint Jesus a seng befreiend Botschaft sinn? „Wien net géint äis ass, deen ass fir äis (Mk 9, 40).

Ass et net groussaarteg, wat déi sozial Wierker a bal alle Reliounen ouni Ënnerscheed leeschten, fir den Honger ze reduzéieren a jidderengem Zougank zu Bildung ze verschafen?

Ass et dann net luewenswäert, wa Mënschen alternativ liewen, op Iwwerflësseges verzichten an dem Bestriewen no Muecht, Räichtum a Profit net ënnerleien.

„Ech wëll bei der Wourecht bleiwen, ech wëll mech kenger Ongerechtegkeet ënnerwerfen, ech wëll fräi si vun all Aangscht, ech wëll a jidder Mënsch fir d’Éischt dat Gutt gesinn“, sot de Mahatma Gandhi.

Ass dat net duerchaus evangelesch geduecht a gehandelt?

Jesus verlaangt eng radikal Entscheedung. Säi Wee stellt sech konsequent ënnert de Wëlle vum Papp. Do kann een net op hallwem Wee stoe bleiwen. D’Léift verlaangt de ganze Mënsch. Oft géifen awer schonn een A, eng Hand an e Fouss duergoen, fir dem Jesus seng Fuerderung no Léift ze erfëllen.

Bis un d’Enn vun den Zäiten huet Jesus d’Heel fir d’Mënschen, esou wéi hien et erwierkt huet, deene schwaachen Hänn vu senger Kierch uvertraut. Déi Hänn waren net ëmmer ëmsiichteg a mat Momenter wäit ewech vun der reeller Botschaft vum Räich Gottes. Do ass bis haut ëmmer Bekéierung fälleg.

All Guddes, wat geschitt, huet mat Léift ze dinn. Gott ass d’Léift, a wien an der Léift bleift, bleift a Gott. Dat ass e Glaf, deen elo schonn d’Welt verännere kann, alt besser, wa vill Mënsche gudde Wëllens dat selwecht versichen.

Quell: Luxemburger Wort

Raymond STREWELER
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu