lb fr pt en
Jahr C (2015-2016)  
22. Oktober 2016

Mir brauchen dem Härgott näischt virzemaachen!

23.10.2016

Lk 18,9-14
Et ass wuel e bekannt Gläichnes, dat vum Pharisäer a vum Steierandreiwer, an awer wierkt et op den éischte Bléck befriemend. Do polariséiert de Jesus dach ganz kloer. An e provozéiert esouguer, oder net? Well de Steierandreiwer ass gutt, an de Pharisäer ass schlecht. Esou einfach ass dat! Oder net?

Wa mer dem Pharisäer säi Gebiet eppes méi genee analyséieren, stelle mer fest, datt en eegentlech guer näischt vum Härgott freet, mä just dat opzielt, wat en alles u Guddem mécht. Ass dat dann esou verwäerflech? Gewëss, e schätzt sech ganz héich an, an e mengt wuel, hie wär dee Beschten.

Awer do ass nach eppes anescht: d’Erofkucken op déi aner – an natierlech och op de Steierandreiwer! D’Meenung: Ech sinn dach vill besser wéi déi, och wéi deen do! De Stolz an d’Iwwerhieflechkeet, déi an där Ausso leien. Dee Verglach, dee jo nëmmen zugonschte vun him, dem Pharisäer, ausgoe kann ...

Emol ganz éierlech: Lafe mer net alleguer Gefor, äis ëmmer erëm mat aneren ze vergläichen an dann zur Schlussfolgerung ze kommen, datt mir eng ganz Partie Saache besser maachen? Huele mer nëmmen d’Beispill vum Glaf. Mir ginn (alt méi dacks) an d’Mass. Mir bieden – oder mir probéieren et wéinstens. Mir stinn trei zur Kierch, op d’mannst meeschtens ... A scho si mer matzen an der Logik vum Pharisäer, well mer ganz heemlech dervun iwwerzeegt sinn, datt mer dach – e bëssen – besser sinn!
„Méi“ an „besser“ si jo och Schlagwierder an eiser Konsumgesellschaft, z. B. wann een d’Reklamme kuckt oder lauschtert an deene Glaf schenkt. Wéi dacks maache mer dat? A wéi dacks si mer schonn eragefall?

Éierlech: Et ass esouguer vill méi einfach, wéi de Pharisäer virum Härgott ze stoen an him vun eise gudden Doten ze erzielen, wéi ze handelen ewéi dee Steierandreiwer. Well deen ass éierlech an damiddeg.

Opriichtegkeet ass gefrot

Wa mir drop aus sinn, gutt do ze stoen an äis de schéine Männchen ze maachen, da vergiesse mer alt nees eng Kéier, datt dem Härgott seng Moossen anerer sinn. Hie kuckt net op dat, wat mer Opweises hunn a wat mer leeschten, mä hie kuckt op d’Häerz, d. h. op eis éierlech Gesënnung an op eis Oprichtegkeet. Virun him brauche mer keng Mask, a mir brauchen him och näischt virzemaachen. (Eise Matmënschen eegentlech och net, mä dat probéiere mer awer heiansdo.)

Vläicht soll ee sech och den éischte Saz vum Evangelientext zu Gemitt féieren. Do steet ganz kloer: „Verschidde Leit, déi iwwerzeegt waren, datt si gerecht wären, an déi anerer veruecht hunn, huet de Jesus dëst Gläichnes erzielt.“

Wéi ech den Text méi dacks gelies hunn, ass mer op eemol kloer ginn, datt de Jesus äis mam Beispill vum Pharisäer eegentlech e Spigel virun d’Gesiicht hält. A wann een esou e Spigel virun An huet, muss een heiansdo schlécken. Esouguer wann et de Jesus ass, deen en hält. Well et kënnt ee jo emol déi eng oder aner onbequem Wouerecht entdecken, an dat deet alt emol wéi!

Dee populären däitschen Dichter a Lyriker Eugen Roth (1895-1976) schreift an engem vu sengen eemolegen „Ein Mensch“-Gedichter dat hei: „Der Salto. Ein Mensch betrachtete einst näher / die Fabel von dem Pharisäer, / der Gott gedankt voll Heuchelei / dafür, dass er kein Zöllner sei. / Gottlob! rief er in eitlem Sinn, / dass ich kein Pharisäer bin!“

Quell: Luxemburger Wort

Monique HERMES
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu