lb fr pt en
Wegweiser Jahr B (2017-2018)  
17. Februar 2018

D’Verbindung tëschent Himmel an Äerd

Wegweiser zum 1. Faaschtesonndeg (18.02.2018)

An de Lesungen vum 1. Faaschtesonndeg begéinen eis zwee ganz ënnerschiddlech Symboler: am Buch Genesis ass et Zeeche vum Reebou an am Markusevangelium ass et d’Wüste. De Reebou ass d‘Symbol vun der Verbindung tëschend zwee Welten an domadder och vun der Verbindung tëscht Gott an de Mënschen. De Reebou verbënnt zwee Elementer mateneen: d’Waasser an d’Sonn, de Reen an d‘Liicht. Nëmmen do, wou déi zwee gläichzäiteg sinn, nëmmen do entseet och e Reebou mat senge wonnerschéine Fuerwen. All dës Fuerwen, eenzel geholl, sinn u fir sech nees Symboler fir eis mënschlech Gefiller, fir eist Liewen: rout fir d’Léift, gréng fir d’Hoffnung, giel fir Freed a violet fir d’Trauer.

Esou symboliséiert an der Bibel de Reebou d’Verbindung tëschent Himmel an Äerd. De Reebou steet wéi eng Bréck tëscht Gott an de Mënschen. Wéi eng Bréck tëscht Gott an de Mënschen, ass fir eis Chrëschten och de Jesus. Éier de Jesus bei d‘Mënschen geet fir hinne vum Härgott ze erzielen, geet hien fir d’éischt 40 Deeg laang an d’Wüste. De Wee an d’Wüste ass d’Erfahrung vun der Einsamkeet, der Stëllt, den Extremen, der Hëtzt, der Keelt, der Onendlechkeet…

D’Wüste ass symbolesch déi Plaz, wou de Mënsch no Gott sicht. D’Wüste steet fir Besënnung op dat, wat liewensnoutwëndeg ass. D‘Wüste steet fir Rou, d‘Wüste steet fir Lauschteren op all déi lues Téin, déi een am Kaméidi vum Alldag esou liicht iwwerhéiert. D’Wüste steet domadder symbolesch fir d’Faaschtenzäit an der et am Prinzip jo och drëms geet, de Bléck ze schärfen fir dat, wat wierklech wichteg ass.

Quell: wort.lu->www.wort.lu

René SCHUMACHER
rene.schumacher@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu