lb | fr | pt | en |
Den „Du“ ass Gott
Wegweiser zum 4. Sonndeg am Joreskrees (28.01.2018)
Haut den Owend, de 27. Januar, ginn um Houwald sechsanzwanzeg jonk Mënschen a néng Erwuessener aus de Pare Beetebuerg-Fréiseng an Hesper-Réiser-Weiler gefirmt an de feierleche Gottesdéngscht steet ënnert dem Thema „Du stellst meine Füße auf weiten Raum“.
Dëst ass net nëmmen den Titel vun engem flotten a rhythmesche Kierchelidd, mee och eng wichteg Ausso iwwert den Härgott aus dem Psalm 31 (Ps 31,9). Mir ginn un Elteren erënnert, déi hire Kanner d’Lafe bäibréngen.
Am Ufank ass dat alles anescht wéi einfach; am Ufank feelt de Kanner nach d’Vertrauen, d’Vertrauen a sech selwer an d’Vertrauen an d’Persoun déi hëlleft. Awer no an no klappet et an d’Weeër ginn ëmmer méi laang; et entwéckele sech lues a lues ëmmer méi Méiglechkeeten … Wie wënscht sech dat net, fräi ze sinn an Neies entdecken ze kënnen?
Fir den Auteur vum Psalm ass den „Du“ awer kee Mënsch; den „Du“ ass Gott, deen eis, esou wéi e Papp oder eng Mamm, léiert selbstänneg ze sinn. Hie behandelt eis net wéi Marionetten, mee hie weist eis nei Méiglechkeeten, nei Ressourcen, nei Weeër.
D’Aufgab eise Wee ze goen, d’Verantwortung, d’Geforen, de Risiko eis ze iren … all dat hëlt Gott eis net of, awer hie steet hannert eis, niewent eis; hie begleed eis. D’Zouso, dass Gott eis Féiss an e wäite Raum stellt, wëll net nëmme Courage maachen, mee wëll och verhënneren, dass mir stoebleiwen, wëll verhënneren, dass mir d’Firmung als eng „Arrivée“ gesinn. Esou wéi all Sakrament ass och d’Firmung keen Zil mee en Ufank!
Quell: wort.lu