lb fr pt en
 
13. September 2023

Banneux 2023 – Féier äis bei de Jesus

Réckbléck op d’diözeesan Pilgerfaart den 12. September 2023

Ënnert dem Motto „Féier äis bei de Jesus“ ass eis Diözees den 12. September op Banneux gepilgert.

De Sanctuaire ass eng éischter bescheide Plaz an der Lécker Diözees, wou vu Januar bis Mäerz am Joer 1933 d’Muttergottes deem jonke Mariette Beco 8mol erschingen ass. Besonnesch nom Zweete Weltkrich huet Banneux sech zu enger Plaz vu Gebiet mat internationalem Charakter entwéckelt. Maria gëtt hei als „Jongfra vun deenen Aarmen“ veréiert. Mat dësem Titel schwätzt si bis haut vill einfach a kleng Leit un.

Haut ass Banneux e Pilgeruert, dee wäit iwwert d’Grenze vun der Belscht eraus rayonnéiert. Mënsche vu verschiddene Sproochen, Kulturen a Spiritualitéiten drécken op dëser Wallfaartsplaz hire Glawen aus a kommen zesumme bei der „Quell vum Heel“.

klickt op d’Foto fir den Album ze kucken…

Grad um Ufank vum neie Pastoraljoer 2023/2024 ass et duerfir méi wéi eng schéin Traditioun, wann d’Lëtzebuerger als Diözees op Banneux pilgeren.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu