lb fr pt en
Wegweiser Jahr C (2015-2016)  
24. März 2016

Nëmmen ee Stéck Brout

Weeweiser fir Gréngendonneschdeg

Wie scho selwer probéiert huet e Brout ze baken, an domadder mengen ech net eng fäerdeg Bakmischung mat e bësche Waasser an eng Broutmaschin ze schëden, deen huet ganz sëcher schon erlieft, dass d’Broutbaken eng Konscht fir sech, an alles anescht wéi einfach ass.

Als Grondnahrungsmëttel ass d‘Brout u sech d‘Symbol par excellence vum Zesummespill vun der Natur a vun der Aarbecht vun de Mënschen. Brout ass ausserdeem en Zeeche vum Zesummeliewen, vun der Gemeinschaft, vum Deelen, vum Matginn ... Mee haut erschléisst sech dës Symbolik vum Brout net méi vu selwer, well haut kafe mir eist Brout ganz einfach beim Bäcker oder am Supermarché. Do kréien mir d’Brout esouguer fäerdeg geschnidden an eng Tut agepaakt, esou dass mir eis Schmier direkt iesse kënnen, ouni am Virfeld nach déi geréngsten Aarbecht domadder ze hunn. A well mir eis et leeschte kënnen, eis all Dag e frëscht Brout ze kafen, virfiddere mir, wann et gutt geet, d’Reschter un d’Hinger oder mir geheien et einfach an d’Poubelle. Esou gëtt d’Brout dann zu engem Symbol vum Iwwerfloss, an deem mir liewen an den eigentlechen, déiwe Wäert vum Brout geet domadder e Stéck wäit verluer.

Fir eis Chrëschten ass d’Brout nach vill méi. Op Gréngen Donneschdeg deelt de Jesus net nëmmen einfach e Stéck Brout, mee am Geste vum Broutbriechen, deelt hien sech eis selwer mat. Am Brout léisst Gott sech fir eis zerbriechen an un eis ausdelen. An engem onscheinbare Stéckelche Brout begéint eis Gott, an engem Stéckleche Brout, schenkt hien sech eis ganz.

Wat mir op Gréngen Donnschdeg feieren, dat gräift och e Gebied op, dat mir heiansdo mat de Kanner bieden, déi sech op hir Éischt Kommioun virbereden:

Guter Gott, ganz klein hast du dich gemacht, um Mensch zu werden. Ganz klein gibst du dich im Brot in unsere Hände. Ganz klein machst du dich, um in unseren Herzen zu wohnen. Wenn unsere Gefühle zu eng, unsere Gedanken zu kleinlich sind, vergib uns. Weite unser Herz und unseren Verstand, dass du ein Zuhause in uns findest und wir ein Zuhause in dir finden. Amen.

René SCHUMACHER
rene.schumacher@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu