lb fr pt en
Wegweiser Jahr C (2015-2016)  
18. März 2016

Op der Trap vum Liewe si mir am léifsten „no uewen“ ënnerwee

Wegweiser fir Pällemsonndeg

Foto by Roger Nilles [cc by-nc-nd] via phototheque.cathol.lu

An de Liesungen vun der Liturgie op Pällemsonndeg gi mir mat der ganzer Komplexitéit vum Jesus senger „Carrière“ konfrontéiert. An de Stroosse vu Jerusalem gëtt hie vum Vollek wéi en Held gefeiert: „Gesegnet sei der König, der kommt im Namen des Herrn.“ E puer Deeg méi spéit ruffen déi selwecht, déi hie kuerz virdrun nach bis an den Himmel gelueft hunn: „Weg mit ihm; kreuzige ihn!“. Esouguer seng enkste Frënn loossen hien am Stach. „Ich kenne ihn nicht!“ seet de Pétrus aus Angscht ëm säin eegent Liewen. Keng 24 Stonne méi spéit stierft de Jesus e schrecklechen Doud um Kräiz.

A verschiddene Sprëchwierder a Biller gëtt dat mënschlecht Liewen, a besonnesch déi berufflech Carrière vun engem Mënsch, mat enger Leeder oder enger Trap verglach. Op dëser Trap vum Liewen si mir alleguerten am léifsten „no uewen“ ënnerwee. Kee mécht fräiwëlleg och nëmmen ee Schratt „no ënnen“. An dach féiert dem Jesus säi Wee genau dës Richtung! Op der Trap vum Liewen kënnt hien eis entgéint. Op deem Trepplek, op deem mir grad stinn, bléift hien awer net stoen; hie geet weider no ënnen. Trepplek fir Trepplek, ëmmer méi déif.

Do wou mir Mënschen de Bléck fest no uewe geriicht hunn a mat alle Mëttelen no uewe striewen, do kuckt a geet Gott fräiwëlleg a ganz bewosst an déi entgéintgesaate Richtung. Aus Léift zu de Mënschen geet Gott d’Trappe vum Liewen erof; hie geet se erof bis an den déifste Keller. Nëmmen esou kann hien eis, déi mir mat Sëcherheet eng Kéier fale wäerten, och opfänken; ganz egal op wat fir engem Trepplek vum Liewen mir grad stinn. Gott steet ëmmer ënnert eis fir eis opzefänken, hie léisst eis net (wouhin och ëmmer) falen. Dat ass d’Geheimnis vun Ouschteren, dat ass d’Geheimnis vun eiser Erléisung.

(Quelle: wort.lu)

Mehr zum Thema: Alle “Wegweiser”-Texte finden Sie hier…

René SCHUMACHER
rene.schumacher@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu