lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Käerch iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf op Neijoschdag, den 1. Januar, vu Käerch iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile Käerch an Ell-Ruedt-Lannen stoung ënnert der Leedung vum François Glesener, op der Uergel huet de Francis Lucas begleet.
Chorale Sainte Cécile, Käerch
Am Joer 1949 gouf den haitege Gesank an d’Liewe geruff a krut seng éischt Statuten. Et war e Männergesank a gouf als kierchlechen a weltleche Gesank gefouert. Am Joer 1968 koum eng nei Etapp am Käercher Gesank, an zwar ass dunn eng Chorale mixte entstanen. Säit 2008 huet de Käercher Gesank eng ganz enk a frëndschaftlech Zesummenaarbecht mat der Chorale Ell-Ruedt-Lannen.
Den éischten Dirigent war de Schoulmeeschter Emile Erpelding, gefollegt vun de Schoulmeeschteren Nicolay, Muller a Schonckert. 1971 gouf den Dirigentestaf vum François Glesener iwwerholl, deen onse Gesank bis haut nach wonnerbar leet.
Den éischte President war de François Jung an dat bis 1958. Duerno gouf den Eugène Frising zum President gewielt an huet vun 1964 bis 1971 och dirigéiert. 1977, no der Demissioun vum Eugène Frising, huet de Lucien Kremer als President d’Geschécker vum Veräin an d’Hand geholl. 1993 gouf onsen haitege President Fernand Lux gewielt.
Als Organisten hu gewierkt de Jean-Pierre Grethen, den Emile Thillges an de Vic Leclerc, deen dëst Joer säi 87-järege Jubiläum gefeiert huet a nach ëmmer aktiv ass.
D’Chorale Sainte Cécile Käerch, Giewel, Gëtzen a Wandhaff zielt haut 21 Memberen. Mir sangen d’Massen all Sonndeg, op de Fest- a Feierdeeg, op Hochzäiten a Begriefnisser. Och bei weltleche Geleeënheeten triede mer regelméisseg op a pake bei de Fester am Duerf eng Hand mat un.
Mir treffen eis all Dënschden am Festsall zu Gëtzen bei eise Prouwen, a wann Dir Freed um Sangen hutt, da sidd Dir häerzlech wëllkomm bei eis ze kommen.
Kontakt: ll@lucas.lu
De musikalische Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Pastorale | Charles-Marie Widor |
---|---|---|
Agangslidd | Auf Hirten auf erwacht! | traditional |
Kyrie | Petite messe sur des airs de Noël | Abbé Bourguignon |
Gloria | Gloire à Dieu pour le temps de Noël | |
Zwëschegesank | Erwächt, stitt op! | T: Mathias Feider / M: Laurent Drees |
Alleluja | Alleluia irlandais | M: O’Carroll |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Vite, levez-vous, doux pastoureaux | M. Aubanel, Joseph Gelineau |
Sanctus | Heilig, Heilig, Heilig | |
Anamnèse | Venite adoremus + Doxologie | |
Vater unser | Vater Unser | |
Agnus Dei | Missa Africana | Michael Schmoll |
Kommiounslidd | Je suis l’Archange de Dieu | Noël Bressan du 18e siècle |
Uergel: Sortie | Marche - Sortie | Théodor Dubois |
Chéier: Chorale Sainte Cécile Käerch / Chorale Ell-Ruedt-Lannen
Dirigent: François Glesener
Organist: Francis Lucas
- D’Mass vum Päischtsonndeg gouf den 23. Mee vu Steenem iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf um zweeten Oktavsonndeg aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vu Simmer iwwerdroen
- D’Sonndesmass ass aus der Giischterklaus iwwerdroe ginn
- D’Mass um 19. Sonndeg am Joreskrees gouf den 8. August vun Habscht iwwerdroen