lb fr pt en
Sonndesmass  
6. Januar 2021

D’Sonndesmass gouf vun Hemstel iwwerdroen (10.01.2021)

Dëse Sonndeg live um 9 Auer a Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 10. Januar, um 9 Auer aus der Kierch vu Hemstel iwwerdroen. Et huet e klenge Grupp vu Kantoren a Sänger aus de Kierchechéier vu Bech-Biwer-Hemstel gesongen ënnert der Leedung vum Tom Osborne, um Keyboard begleet vum Libby Kramer.

Kierchechéier vu Bech-Biwer-Hemstel

« Necessity is the mother of invention » oder « Not macht erfinderisch ! » An der Nout vun der Korona-Zäit steet d’Liewen vun de Kierchechéier op Spuerflam. An der Hoffnung, datt iergendwann de gemeinsame Gesank nees richteg aktiv daerf ginn, sécher an enger anerer Normalitéit, musse mir nei Weeër fannen, fir d’Flam vum Zesummensangen an der Liturgie liewech ze halen. D’Radiosmass um Fest vun der Daaf vum Jesus aus der Kierech zu Hemstel gëtt vun engem klenge Grupp vu Kantoren a Sänger aus de Kierchechéier vu Bech-Biwer-Hemstel animéiert. Mir hunn ons entscheed, fir dëss « Mass of the Air », e Programm aus dem modernen amerikanische Lidderrépertoire ze wielen. D’Botschaft vun den Texter an d’Bewegung vun de Mélodien an de Rythmen kënnen ons begleeden am kreative Sichen no de Wuerzele vun onsem Chrëschtsinn.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Mary, Did You Know? Mark Lowry and Buddy Greene, Arr. Jack Schrader
Agangslidd God of Day and God of Darkness Marty Haugen
Kyrie Mass of Creation Marty Haugen
Gloria Mass of Creation Marty Haugen
Psalm You will draw water joyfully from the springs of salvation Michel Guimont
Alleluja Mass of Creation Marty Haugen
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Where Charity and Love Prevail Omer Westendorf, Paul Benoît
Sanctus Mass of Creation Marty Haugen
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Mass of Creation Marty Haugen
Kommiounslidd On Eagle’s Wings Michael Joncas
Schlusslidd Menschen, dir ihr wart verloren Magn 817
Sortie: Uergel Lobe den Herren Arr. John Carter

Chouer: Grupp vu Kantoren a Sänger aus de Kierchechéier vu Bech-Biwer-Hemstel
Dirigent: Tom Osborne
Keyboard: Libby Kramer

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu