lb fr pt en
Sonndesmass  
5. Dezember 2017

D’Sonndesmass gouf vu Biekerech iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf um 2. Advent, den 10. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vu Biekerech iwwerdroen. D’Chorales réunies “Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul & Réiden/Atert” hunn ënnert der Leedung vum Josette Ourth gesongen, op der Uergel huet de Carlo Philippe begleet.

Chorales réunies “Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul & Réiden/Atert”

Siwwenzéng Joer scho schaffen déi dräi Choralle Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul matenaner an hu fir de Moment emol esou op eng elegant Manéier hire Problem vum Nowues geléist. Zënter siwe Joer besteet och eng Zesummenaarbecht mat der Chorale Ste-Cécile Réiden/Atert, well béid Formatiounen déi selwecht Dirigentin hunn. Wann d‘Aufgab vun dësen zwee Gesangveräiner doranner besteet, Massen an aner reliéis Feiere musikalisch z’encadréieren, esou stinn och weltlech Optrëtter vun Zäit zu Zäit um Programm. Mat iwwer véierzeg Membere wäert dës gutt opgestallte Formatioun, d’Choralle Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul an d’Chorale Réiden/A., och iwwer d’Joer 2017 eraus besuergt bleiwen, dee richtegen Toun ze fannen an e gutt Klangbild ofzeginn.

Weider Informatioune ginn et iwwer Tel.: 621-227130 (A. Brauch).

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Präludium in g (BWV 558) J. S. Bach
Agangslidd Wir warten auf das Licht Klaus Heizmann
Kyrie Petite Messe du St-Sacrement Abbé Bourguignon
Zwëschegesang Fais-nous voir, Seigneur, ton amour (Ps. 84)
Alleluja Halleluja Jerry Sinclair / Klaus Heizmann
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Alle Menschen höret auf dies neue Lied Wim ter Burg / Peter Reulein
Sanctus Missa in hon. S. Mariae A. Löhle
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei La paix aura ton visage Bernard Rey / Patrick Colombo
Kommuniounslidd Macht hoch die Tür Halle / Siegfried Singer
Schlusslidd Lichterzeit - Freudenzeit Klaus Heizmann
Sortie: Uergel Nun komm der Heiden Heiland (BWV 659) J. S. Bach

Chouer: Chorales réunies “Biekerech-Rippweiler-Schweecherdaul & Réiden/Atert”
Dirigentin: Josette Ourth
Organist: Carlo Philippe

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu