lb fr pt en
Sonndesmass  
14. Januar 2020

D’Sonndesmass gouf vu Lelleg iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 19. Januar, um 9 Auer aus der Kierch vu Lelleg iwwerdroen. D’Chorales réunies Lellig-Manternach hunn ënnert der Leedung vum Roby Mehlen gesongen, op der Uergel huet de Marcel Weis begleet.

D’Choralle Lellig/Manternach

Viru gutt drëssig Jar hunn déi zwou Choralle vu Lellig a Manternach decidéiert, zesummen ze sangen, ouni awer hir Eegestännegkeet opzeginn. Eng Zesummenaarbecht, déi bis elo bestens funktionéiert huet. Mir sangen d’Sonndes- an d‘Feierdagsmassen, Begriefnesser an Hochzäiten an donieft awer och weltlech Lidder. Jiddfereen, dee Freed um Gesank huet, ass häerzlech wëllkomm, fir matzemaachen.

Dirigent ass de Roby Mehlen, iwwerdeems de Norbert Weydert an den Ernest Santer meestens fir d’Uergelbegleedung suergen. D’Radiosmass um Fest vum hl. Antonius, Schutzpatroun vun der Lelliger Kierch, begleet de Marcel Weis, e Lelliger Jong, Titularorganist zu Maacher.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Kuerz Virspill zum Agangslidd
Agangslidd Ein Haus voll Glorie Joseph Mohr
Kyrie Herr erbarme Dich
Gloria Gott soll gepriesen werden Michael Haydn / Arr. P. Colombo
Alleluja Halleluja, Ihr seid das Volk Taizé
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Nimm an o Herr die Gaben Michael Haydn / Arr. P. Colombo
Sanctus Singt heilig Michael Haydn / Arr. P. Colombo
Anamnèse Jesus Christus operstane Noël Colombier / Léon Kirsch
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei La paix, l’amour, la joie Chant de la Communauté de l’Emmanuel
Kommuniounslidd O Herr ich bin nicht würdig Michael Haydn / Arr. P. Colombo
Schlusslidd Antonius heilger Schutzpatron
Sortie: Uergel Dialogue sur les mixtures Jean Langlais

Chouer: Chorales réunies Lellig-Manternach
Dirigent: Roby Mehlen
Organist: Marcel Weis

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu