| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Rëmeleng iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, de 17. Juni, um 9 Auer aus der Kierch vu Rëmeleng iwwerdroen. D’Choralë vu Rëmeleng, Téiteng a Käl hunn ënnert der Leedung vum Hervé Mathieu gesongen, op der Uergel huet d’Colette Daxhelet-Dereppe begleet.
D’Choralen aus der Poar Käldall Notre-Dame des Mineurs

- Charles Gounod
Dës Radiosmass gëtt vun den dräi Choralen aus der Poar Käldall Notre-Dame des Mineurs musikalesch gestalt. Verantwortlech ass d’Chorale Ste Cécile vu Rëmeleng. Ënnert der Direktioun vun hirem Dirigent Hervé Mathieu sti fir dës Geleeënheet och nach d’Chorale Ste. Cécile vun Téiteng an d’Chorale St. Pie X vu Käl. Organistin ass d’Colette Daxhelet-Dereppe.
Um Programm sinn ënner anerem Wierker vum Charles Gounod, deen haut virun 200 Joer, de 17. Juni 1818 gebuer gouf an deen den 18. Oktober 1893 gestuerwen ass.
D’Chorale Ste Cécile vu Rëmeleng besteet zënter 1860. D’Prouwe sinn all Méindeg vun 20 bis 22 Auer an der Rëmelenger Kiirch. Jiddereen, dee Freed um Gesank huet, ass wëllkomm.
Di dräi Choralen aus der Poar Notre-Dame des Mineurs si beméit, hiir Zesummenuarbecht weider auszebauen, fir och nach an Zukunft d’Gottesdéngschter an aner gemeinsam gestalte Feierlechkeete musikalesch kënnen ze begleeden.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée: Uergel | Prélude (Largo) | G.L. Gregori |
|---|---|---|
| Agangslidd | Jubilez, criez de joie | Du Jonchay |
| Kyrie | Messe aux Chapelles | Ch. Gounod |
| Gloria | VIII (De angelis) | grégorien |
| Zwëschegesank | Ps 91 “Il est bon Seigneur, de te rendre grâce” | H. Mathieu |
| Alleluja | Alléluia irlandais | LD 206 |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowebereedung: Uergel | Offertoire | Th. Dubois |
| Sanctus | Messe aux Chapelles | Ch. Gounod |
| Anamnèse | Geheimnis vum Glawen | LD 264 |
| Vater unser | Eise Papp am Himmel | C. Hommel |
| Agnus Dei | Messe aux Chapelles | Ch. Gounod |
| Kommuniounslidd | Ave Verum Corpus | Ch. Gounod |
| Schlusslidd | Peuple de lumière | J.P. Kempf |
| Sortie: Uergel | Fantasia | J.K. Kuchar |
Chéier: Choralë vu Rëmeleng, Téiteng a Käl
Dirigent: Hervé Mathieu
Organistin: Colette Daxhelet-Dereppe
- Sakramenter . Sacrements
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Grondgebieder . Prières de base
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr