lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Rëmeleng iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 2. September, um 9 Auer aus der Kierch vu Rëmeleng iwwerdroen. D’Choralë vu Rëmeleng, Téiteng a Käl hunn ënnert der Leedung vum Hervé Mathieu gesongen, op der Uergel huet den Alessandro Urbano begleet. Flüttist war de Jean-Claude Thilges.
D’Choralen aus dem Käldall
Dës Radiosmass gëtt vun den dräi Choralen aus der Poar Käldall Notre-Dame des Mineurs musikalesch gestalt. Verantwortlech ass d’Chorale Ste Cécile vu Rëmeleng. Ennert der Direktioun vun hirem Dirigent Hervé Mathieu stinn dëse Sonndeg och nach d’Chorale Ste. Cécile vun Téiteng an d’Chorale St. Pie X vu Käl. Organist ass den Alessandro Urbano. Op der Flütt spillt de Jean-Claude Thilges.
D’Chorale Ste Cécile vu Rëmeleng besteet zënter 1860. D’Prouwe sinn all Méindeg vun 20 bis 22 Auer an der Rëmelenger Kierch. Jiddereen, dee Freed um Gesank huet, ass wëllkomm.
Di dräi Choralen aus der Poar Notre-Dame des Mineurs si beméit hir Zesummenuarbecht weider auszebauen, fir och nach an Zukunft d’Gottesdéngschter an aner gemeinsam gestalte Feierlechkeete musikalesch kënnen ze begleeden.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Improvisation | |
---|---|---|
Agangslidd | Dieu est en attente | J.P. Kempf |
Kyrie | Messe de Ste Jeanne d’Arc | H. Nibelle |
Gloria | Gloria de Taizé | J. Berthier, J.-C. Thilges |
Zwëschegesank | PS 114 | |
Alleluja | LD 204 | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Sicilienne (Flütt an Uergel) | J.S. Bach |
Sanctus | Sanctus de Lourdes | J.P. Lécot |
Anamnèse | Jésus, Messie humilié... | J. Berthier |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe brève | L. Delibes |
Kommuniounslidd | O Salutaris hostia | W.A. Mozart |
Schlusslidd | Peuple de lumière | J.P. Kempf |
Sortie: Uergel | Improvisation |
Chéier: Choralë vu Rëmeleng, Téiteng a Käl
Dirigent: Hervé Mathieu
Organist: Alessandro Urbano
Flüttist: Jean-Claude Thilges
- D’Mass um 17. Sonndeg am Joreskrees gouf de 24. Juli vu Habscht iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vu Furen iwwerdroen
- D’Sonndesmass gouf vun der Pafemillen iwwerdroen
- D’Mass um 16. Sonndeg am Joreskrees gouf den 18. Juli aus der Kathedral iwwerdroen
- D’Tëleesmass vum 30. Januar gouf vu Réimech iwwerdroen