lb fr pt en
Sonndesmass  
5. März 2019

D’Sonndesmass gouf vum Lampertsbierg iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf um éischte Faaschtesonndeg, den 10. Mäerz, um 9 Auer aus der Kierch vum Lampertsbierg iwwerdroen. D’Chorales d’Hommes Réunies hunn ënnert der Leedung vum Josée Faltz-Wilmes gesongen, op der Uergel huet de Patrick Colombo begleet.

Chorales d’Hommes Réunies

Et hu sech 6 Männerchéier aus der Stad an Emgéigend am leschte Joerzéngt zur Chorales d’Hommes Réunies zesummegedoen – d’Chorale Albert Bousser vum Eisebunnerlandesverband, d’Chorale Zéisseng, de Lëtzebuerger Männerkouer 1989, de Männerkouer Neiduerf/Weimeschhaff, d’Société Chorale Alzingen an d’Société de Chant Caecilia Merl-Belair –, fir gemeinsam e ganz anspruchsvolle Gesangsprogramm kënnen op d’Been ze kréien. D’Participatioun en etlech mol um Festival FISAIC an de leschte Joeren an d’Mataarbecht um Concert vun der USCVL an der Stad sinn ëmmer en Héichpunkt vun den Aktivitéiten. Klassesch Wierker aus bekannten Operen a méi liicht Volleksmusek wiesselen sech of. Den Oratorium „La Vie de Jésus-Christ“ vum lëtzebuergesche Komponist Théodore Decker huet dëst Joer fir echt Begeeschterung gesuergt. Weider Opféierungen dovun sinn de 7. Abrëll an de 14. Abrëll jeweils um 17 Auer zu Miersch respektiv zu Réimech.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Praeludium in c-moll J.S. Bach
Agangslidd Go Down Moses Negro spiritual
Kyrie Messe en ut J.B. Maillochaud
Zwëschegesank Dispense de tes mains A.F. Wouters
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Wo in feierlicher Stille anonyme/arr. P. Nimax sen.
Sanctus Messe en ut J.B. Maillochaud
Anamnèse Dans le silence Stéphanie Kager
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei O Här, gëff Fridden D. Bortniansky
Kommuniounslidd Prière R. Fau / arr. P. Colombo
Schlusslidd You raise me up B.Graham / R.Lovland
Sortie: Uergel Fuge in c-moll J.S. Bach

Chouer: Chorales d’Hommes Réunies
Dirigentin: Josée Faltz-Wilmes
Organist: Patrick Colombo

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu