| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vun Esch-Uelzecht iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, de 24. Juni, um 9 Auer aus der Jousefskierch vun Esch-Uelzecht iwwerdroen. D’Escher Sängerfrënn stoungen ënnert der Leedung vum Simone Neumann-Geimer, op der Uergel huet de Jos Thill begleet.

Chorale “Escher Sängerfrënn”
Een Dag nom Nationalfeierdag gëtt d’Radiosmass aus der Jousefskierch vun Esch vun der Chorale “Escher Sängerfrënn” gesongen.
Eis Chorale, déi dëst Joer hiren 20. Anniversaire feiert, besteet aus 25 Sängerinnen a Sänger. Mär verschéineren d’Mass während dem Joer bei ville chrëschtleche Fester, bei Hochzäiten a Begriefnisser.
Zesumme mam Lallénger Jugendchouer gestalte mär seit enger Rei vu Joren och d’Metten op Hellgen Owend an der Jousefskierch. Mär sange bei villen Geleeënheeten am CIPA Esch a ginn och weltlech Concerten.
D’Escher Sängerfrënn stinn ënnert der Leedung vun der Mme Simone Neumann-Geimer.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée: Uergel | Praeambulum in c | Vincent Lübeck |
|---|---|---|
| Agangslidd | Dieu nous accueille | Lécot |
| Kyrie | Erhör mich Herr in deiner Huld | Haydn |
| Gloria | Ehre sei Gott in der Höh’ | Bauer |
| Alleluja | Halleluia-Kanon | Lonquich |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Je viens vers toi les mains ouvertes | Giannadda |
| Sanctus | Heilig, heilig | Schubert |
| Anamnèse | Christ est venu | Wackenheim |
| Doxologie | Par Lui, avec Lui et en Lui | Lecot |
| Vater unser | gëtt gebiet | |
| Agnus Dei | La paix aura ton visage | |
| Kommuniounslidd | Here I am Lord | Schutte |
| Schlusslidd | Ons Heemecht | Zinnen |
| Sortie: Uergel | Grande Fantaisie | Theophile Stern |
Chouer: Escher Sängerfrënn
Dirigentin: Simone Neumann-Geimer
Organist: Jos Thill
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Sakramenter . Sacrements
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Grondgebieder . Prières de base
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr