lb | fr | pt | en |
Sonndesmass
22. September 2022
D’Mass um 26. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Habscht iwwerdroen
De 25. September gouf d’Sonndesmass vun Habscht iwwerdroen. D’chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht huet d’Mass gesong, Organist a Virsänger war den Abbé Joël Santer, Kantor den Änder Wio.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Mass zu Habscht
De Sonndeg ass den „Herrentag“, dee Christus eegen ass, an deen eis an der Sonndesmass zesummeféiert. No enger vläicht ustrengender an erausfuerdernder Woch si mir invitéiert, Momenter vun der Rou ze erliewen an nei Kraaft ze schäffen. Christus selwer schenkt eis dës Momenter an déi nei Kraaft. Duerch säi Wuert a Sakrament wëllt hien eis fir di kommend Woch stäerken. Als Gemeinschaft vun de Chrëschten däerfe mir voll Freed zesumme Gottesdéngscht feieren.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Improvisatioun iwwer d’Agangslidd | |
---|---|---|
Agangslidd | Unser Leben sei ein Fest | LD 579 |
Kyrie | Kyrie IX (Orbis factor) | Magn. 851 |
Gloria | Gloria IX (Orbis factor) | Magn. 852 |
Alleluja | Alléluia | LD 193 |
Credo | gëtt gebiet | |
Offertoire | Wir sind vereint um deinen Tisch | LD 575 |
Sanctus | Sanctus IX (Orbis factor) | Magn. 853 |
Agnus Dei | Agnus IX (Orbis factor) | Magn. 854 |
Kommioun | Uergelimprovisatioun | |
Schlusslidd | Milde Königin gedenke | ale Magn. 707 |
Sortie | Fanfare | John March |
Kuckt och . Voir aussi
Info
An dëser Rubrik . Dans cette rubrique