lb fr pt en
Sonndesmass  
5. Oktober 2023

D’Mass um 27. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Helzen iwwerdroen

Den 8. Oktober gouf d’Sonndesmass vun Helzen iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile vun Helzen-Houfelt-Weiler huet mam Dirigent Toni Schaack gesong, begleet op der Uergel vum Luc Reff. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sängerbond Fouhren

D’Sonndesmass gouf dëse Sonndig iwwerdroen aus der Kierch vun Helzen. Et huet d’Chorale Ste Cécile vun Helzen-Houfelt-Weiler gesong. De Veräin huet 2013 säin 150. Gebuertsdag gefeiert a besteht och haut nach als Männerchouer mat 10 Sänger. Dirigent war den Tony Schaack an op der Thomas-Uergel, déi am Joer 2001 installéiert gouf, huet de Luc Reff gespillt.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée
Agangslidd Rosenkranzkönigin LD 517
Kyrie Lëtzebuerger Mass Waldener Messe
Gloria Lëtzebuerger Mass Waldener Messe
Tëschegesank Ein neuer Tag erwacht Karl Schauber
Alleluia Ein neuer Tag erwacht Karl Schauber
Credo gëtt gebiet
Gowelidd O Herr, welch ein Morgen Otto Groll
Sanctus Lëtzebuerger Mass Waldener Messe
Anamnes Jesus Christus operstane vum Doud
Agnus Dei Sehnsucht nach Frieden Georg F. Händel, Stallmann
Kommiounslidd Je bénirai le Seigneur en tout temps Jean-Claude Gianadda
Schlusslidd Helzinger Wallfahrtslied N. Heinen, R. Ponchelet
Uergel: Sortie Improvisation

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu