lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Furen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 8. Juli, um 9 Auer aus der Kierch vu Furen iwwerdroen. D’Chorale Sängerbond Furen huet ënnert der Leedung vum Pol Muller gesongen, op der Uergel huet de Gilbert Hamus begleet; den Cello huet d’Yolande Hamus gespillt.
Chorale Sängerbond Furen
D’Chorale Sängerbond Furen gouf 1893 vum Schoulmeeschter Jean-Baptiste Zewen gegrënnt a feiert deemno dëst Jar hiert 125. Jubiläum. Zu dëser Geleeënheet séngt jiddwer Chorale aus der Par Parc Our Saint-Nicolas eng Sonndesmass bäi eis. Den 28. Oktober ass een Uergel- a Gesangconcert, an 2019 kënnt eng Fotobroschür raus. Bäi speziellen Uläss wéi Hochzäiten, Begriefnisser an elo d’Radiosmass hu mir d’Chance, op frëndschaftlech Verstäerkung aus den Nopeschveräiner kënnen zréckzegräifen. Gäere géife mir awer och nei Memberen an eisem Veräin begréissen.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Cantabilé (Concerto Numéro 3, opus 10, re majeur) | Antonio Vivaldi, Arrangement fir Cello an Uergel: Gilbert Hamus |
---|---|---|
Agangslidd | Dieu nous accueille en sa maison | Jean-Paul Lécot |
Kyrie | Kyrie de Lourdes | Paul Décha (LD 131) |
Gloria | Gloire sur la terre, gloire dans les cieux | Léon Guillou |
Alleluja | Alléluia - Voici venir des jours nouveaux | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Seigneur, voici le pain | Jean-Pierre Schmit |
Sanctus | Sanctus de Lourdes | Jean-Paul Lécot |
Anamnèse | Il est vivant, il est ressuscité | Noël Colombier (LD 269) |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Agnus Dei de Lourdes | Arrangement: Justin Anstett |
Kommunioun | Adagio a sol mineur, arrangéiert fir Uergel an Cello | Tomaso Albinoni |
Kommuniounslidd | Ich bete an die Macht der Liebe | Dimitri Bortniansky |
Schlusslidd | Tous les chemins | Soeur Sourire |
Sortie | Adagio (Double Concerto en fa majeur) | J.S.Bach (BWV 1150), Arrangement fir Cello an Uergel: Gilbert Hamus |
Chouer: Chorale Sängerbond Furen
Dirigent: Pol Muller
Organist: Gilbert Hamus
Cellistin: Yolande Hamus