| lb | fr | pt | en |
Tëleesmass
Live a Replay vun der Sonndesmass
Aus „Radiosmass“ gouf „Tëleesmass“
Vum 1. Oktavsonndeg 2021 u gouf aus der „Radiosmass“ definitiv eng „Tëleesmass“ an um Fernsehkanal RTL Zwee esou wéi och um .dokTV ausgestraalt. Dat dierft vill Leit freeën, déi sech Sonndeg fir Sonndeg aschalten.
Dëst bréngt och méi Käschte mat sech. Wann déi generéis Donateure vun der „Radiosmass“ sech och ginge fir d’„Tëleesmass“ engagéieren, da kënnten all d‘Notznéisser vun deër neier Entwécklung hinnen dankbar sinn.
Live
Hei leeft sonndes muerges vun 9.00 bis 10.00 Auer d’Iwwerdroung vun der Sonndesmass, all Kéiers aus enger anerer Kierch. De Rescht vun der Zäit gesidd Dir just Biller vun de Kierchen oder de Chorallen.
Sollt de Stream aus technesche Grënn net op dëser Säit opgoen, probéiert dëse Fichier op Ärem Computer mat engem Media Player ze starten.
Replay
Hei kënnt Dir d’Massen, déi eriwwer sinn nach eng Kéier lauschteren. Et ka bis zu e puer Stonnen daueren, ier déi aktuell Mass an der Lëscht optaucht. Wielt an der Lëscht ënnen den Datum a klickt dann op déi Zeil.
Kontakt
Dir wëllt eis kontaktéieren wéinst enger Fro zur Tëleesmass oder d’CD vun der Mass ufroen?
Kontakt: Service Communication et Presse, Tel. 44743-401, teleesmass cathol.lu
Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung!
Säit Januar 2017 finanzéiert de Bistum d’Opnahm an zum gudden Deel och d’Iwwerdroe vun de Massen fir den Internet, .dokTV an RTL selwer. D’Fondation Sainte Irmine ënnerstëtzt dëse Projet, dee sech u Mënsche riicht, déi aus Gesondheets- oder anere Grënn net an d’Kierch goe kënnen, a fir déi d’Deelhuele via d’Medien dann déi eenzeg Méiglechkeet ass.
Hëlleft mat, a maacht en Don online oder spent op de Konto vun der Fondation Sainte Irmine LU64 1111 7017 0305 0000 mam Stéchwuert “Tëleesmass”.
Är Spend ka vun de Steieren ofgesat ginn. Villmools Merci!
D’Iwwerdroung vun der Sonndesmass a Bild an Toun ass nëmmen do méiglech, wou d’Technik bannent de Kierchen et eis erlaabt. Falls dir eng Live-Iwwerdroung suivéiert, déi kee Bild oder evtl. Stéierungen huet, wëlle mir eis am Virfeld dofir entschëllegen a bieden ëm äert Versteesdemech.
Nodréiglech kënnt dir d’Sonndesmass an der Widderhuelung um .dokTV, op RTL ZWEE oder am Replay op cathol.lu suivéieren.
- Grondgebieder . Prières de base
- Sakramenter . Sacrements
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt



YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr