| lb | fr | pt | en |
Zanter 50 Joer als Koschtesch am Déngscht vun der Kierch
D’Madame Marie-Thérèse Winandy-Schmit krut d’Verdéngschtmedaille vum Här Äerzbëschof iwwerreecht
Feierstonn um Mëttwoch Moien am Bëschofshaus: Den Här Äerzbëschof huet der Madame Marie-Thérèse Winandy-Schmit vu Laaschent d’Verdéngschtmedaille vun der kathoulescher Kierch iwwerreecht. Zanter 50 Joer ass si Koschtesch an der Kierch, dovun elo scho 40 Joer zu Laaschent. A sengem perséinleche Numm an am Numm vun der Äerzdiözes huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich der Mme Winandy-Schmit villmools merci fir hir trei a wäertvoll Déngschter an hire bénévolen Engagement an der Kierch an an der Por gesot; d’Consolatrix-Medaille ass en Ausdrock vun dëser Dankbarkeet.
D’Mme Winandy-Schmit gouf bei der Feier begleet vun hirer Duechter, vun der Mme Sylvie Maillet vum Kiercherot, vum Buergermeeschter Aly Kaes, vun der Mme Nicole Kleer a vum Abbé Jeannot Gillen.
- International Solidaritéit . Solidarité internationale
- Fondation Sainte-Irmine
- Fir d’Kierch schaffen . Travailler pour l’Église
- L’orgue dit „symphonique“ de la Cathédrale nécessite d’urgence une restauration complète !
- Ech engagéiere mech gären...
- 1010 Euro am Kader vum Relais pour la vie fir de gudden Zweck gesammelt
- Urgence – appel à la solidarité face au Coronavirus
- Dringender Aufruf zur Solidarität bei der Bekämpfung des Coronavirus


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr