| lb | fr | pt | en |
Ech bieden op Lëtzebuergesch
E Kannergebietbuch vum Elly Schmit-Weber
Bei den éditions saint-paul ass e Kannergebietbuch vum Elly Schmit-Weber erauskomm. D’Buch dréit den Titel “Ech bieden op Lëtzebuergesch”.
“No Wierder sichen, Gedanke sënneren, Gefiller an Uecht huelen, Wënsch formuléieren. D’Texter an d’Gebieder vum Elly Schmit-Weber kënne Kanner dobäi hëllefen, fir an d’Gespréich ze kommen, fir am Gespréich ze bleiwen, mat sech selwer a mat deem ganz Aneren.”
Théo Péporté
Dëst Gebietbuch fir Kanner, awer och fir Erwuessener ëmspaant déi ganz Bandbreet vun eisem Glawen: Et presentéiert nieft de chrëschtleche Grondgebieder och Gebieder fir all déi wichteg Evenementer am Liewe vun engem Kand ‒ vu senger éischter Kommioun iwwer d’Firmung bis zum Erwuesseginn ‒ a fir all déi wichteg Fester am Kierchejoer, wéi Advent, Chrëschtdag an Ouschteren.
Elly Schmit-Weber: Ech bieden op Lëtzebuergesch. Kannergebietbuch. Broschéiert, 72 Säiten, 10,5 x 14,5 cm. Präis: 10 €. ISBN: 978-2-87963-997-0.
An de Librairien an op www.editions.lu.
- Archivum
- Grand Séminaire de Luxembourg / Centre de formation diocésain Jean XXIII / Luxembourg School of Religion & Society
- Publicatiounen . Publications
- Glossar . Glossaire
- Bildung a Fuerschung . Formation et recherche
- Les fonds des Archives diocésaines en ligne !
- Die Findmittel des Diözesanarchivs sind online!


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr