| lb | fr | pt | en |
„Siehe, ich bin die Magd des Herrn, mir geschehe, wie du es gesagt hast“
Weltjugenddeeg 2019 a Panama: E klenge Stëmmungsbericht vun der Plaz vum Lëtzebuerger Grupp

Laang hu mir op den Depart gewaart, vill Gedanken sinn ons duerch de Kapp gaangen: Sonnecrème, Mosquito, Loftfiichtegkeet, Gaaschtgeschenk, Dschungel mat Schlaangen… et denkt een u vill, et huet ee Virstellungen. Mat vill Virfreed a vollem Gepäck hu mir ons op de Wee gemaach a Panama.
6 Deeg si mir zu Portobelo an enger Gaaschtfamill ganz häerzlech a mat vill Léift empfaange ginn, woubäi mir Sproochebarrièrë schnell gebrach haten. Laut Weibëschof Jörg Peters: „Türen der Häuser und Herzen werden uns offen gehalten, dass wir bei ihnen Gast sein können.“ All Dag huet mat enger Mass ugefaangen, Strand, Kräizwee, Sport, Kultur sinn aner Punkte vum Dag.
Nom Motto huet jidderee vun ons eng Beruffung a mir solle keng Angscht hunn, hir nozegoen. „Was sind die Motten auf denen wir manchmal liegen bleiben unter unserem Dach?“, dës Fro soll ons begleeden nom Weibëschof Jörg Peters. Biede gehéiert dozou a wéi de Paschtouer Lars Meiser sot: „Beten ist wie Sprechen mit einem guten Freund… beten ist wie die Luft, die wir zum Atmen brauchen.“
Owes konnte mir ee schéine faarflech agestëmmte Sonnenënnergank beim Waasser genéissen. Mir si bei de Konvent vun de Karmelitinne gewandert an hunn do Mass gefeiert an e Bam geplanzt mat lëtzebuergeschem Fändel ronderem. – Dem Konvent säi Motto heescht „El Grito más Fuerte del amor es el silencio“ (Die größte Frucht der Liebe ist das Stillschweigen).
Et ass schéin ze gesinn, wéi Mënsche mat wéineg esou eng Liewensfreed ausstralen an hirem Alldag an hir Masse mat hire Lidder an hiren Dänz feieren. Déi Woch zu Portobelo war am Nu eriwwer an et geet weider fir een Dag op Colon, wou d’Ofschlossfeier war vun den Deeg an der Diözes a mir an der Policeschoul iwwernuecht hunn.
20. Januar, 10 Auer, a lass geet et an den Dschungel mat engem Einboot vu Salamanca op Quebrada Ancha. Mir haten d’Méiglechkeet bei de Waasserfall ze goen, schwammen ze goen, mir hunn eng Wanderung gemaach, Mënsche kennen geléiert.
No der Rou ass et op Panama City gaangen, wou d’JMJ ass. Owes hu mir ons mam Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich getraff an hunn him vun onsen Erliefnisser erzielt. Wéi géif onse Brudder Alban Rodier soen: „Panama ass megaaa, ass wundertoll!“.
- JMJ 2023 . Lissabon
- JMJ 2013 . Rio de Janeiro
- JMJ 2016 . Krakau
- Thailand 2014
- Thailand 2017
- Jugendarbeit in diesen Krisenzeiten
- « Les jeunes du Luxembourg posent les mêmes questions que ceux du reste du monde »
- Youth ministry in these times of crisis
- Pastoral juvenil nestes tempos de crise
- Entdeckt eng Rëtsch flott Aktivitéite fir Jonker


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr