| lb | fr | pt | en |
Thailand 2017: Eng eemoleg Erfahrung fir Jonker
Pilgerrees zesumme mam Här Äerzbëschof vum 3. bis den 19. August 2017
Vum 3. bis den 19. August 2017 ware ronn 100 Jonker a Begleeder vu Lëtzebuerg op Pilgerrees an Thailand. Zesumme mam Här Äerzbëschof a mat Jugendlecher aus Polen, Spuenien an Thailand hu si onvergiesslech Deeg an Thailand erliewen. Nieft der Bedeelegung um Bau vun enger Schoul bei Chiang Rai stoung d’Ausernanersetzung mat der Ëmweltenzyklika “Laudato Si’” vum Poopst Franziskus am Mëttelpunkt vun der Rees. En Highlight war och d’Massfeier an der Willibrord-Kierch am Karen-Duerf Baan Huay Tong, dës Kierch gouf mat Lëtzebuerger Hëllef, notamment während der Rees “Thailand 2014” gebaut.
Virum Départ vum Parking Bouillon aus an 2 Gruppen via Bréissel a Frankfurt op Bangkok a vun do op Chiang Mai war den 3. August eng Messe d’envoi an der Kierch zu Zéisseng. Insgesamt hunn 176 Leit, Jonker a Begleeder, un der zwou Woche laanger Rees deelgeholl. Beim Départ hat den Här Äerzbëschof vum Marie-Josée Frank nach e schéine Scheck iwwer 10.150 Euro fir de Projet Thailand iwwerreecht kruut.
Réckbléck op d’Rees via d’Fotoimpressiounen an eiser Billergalerie.
- JMJ 2013 . Rio de Janeiro
- Thailand 2014
- Thailand/Cambodge 2019
- JMJ 2023 . Lissabon
- JMJ 2016 . Krakau
- Pastoral juvenil nestes tempos de crise
- Pastorale des jeunes dans ces temps de crise
- Entdeckt eng Rëtsch flott Aktivitéite fir Jonker
- Youth ministry in these times of crisis
- Vendredi Saint : Le Chemin de Croix pour jeunes a été retransmis de la Cathédrale



YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr