lb | fr | pt | en |
E Ginkgo-Bam fir 30 Joer Massendénger am Gaart vum Bëschofshaus geplanzt
„Équipe Lëtzebuerger Massendénger“: Équipe mat Dekanatsvertrieder agesat
Den 20. September 2018 huet den Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich SJ eng Équipe mat Dekanatsvertrieder fir d’Massendénger an eiser Äerzdiözes agesat.
Dëse Grupp ronderëm d’Tanja Konsbrück (Direktesch) an dem abbé Jean-Pierre Reiners (Nationalaumônier) besteet aus folgende Memberen:
Norden: Hélène Neissen-Schneider
Osten: Luc Zimmer
Stad: Jakob Zeilinger
Süden: abbé Ricardo Monteiro
Zentrum: abbé Tristan Häcker
Am Gaart hanner dem Bëschofshaus gouf deen Owend vun eeleren an den neie Memberen zesumme mam Här Äerzbëschof ee Ginkgo-Bam gesat. Iwwer 30 Joer goufe vill gutt a staark “Wuerzelen” fir d’Lëtzebuerger Massendénger gesat, ee Bam konnt wuessen a soll laang a vill Blieder droen an nach vill wuessen.
Dee selwechten Owend huet den Här Äerzbëschof, déi vu puer Massendénger frësch renovéiert Raimlechkeete vun der Zentral, ageseent.
D’Zentral op 5, avenue Marie-Thèrese an der Stad, ass reegelméisseg wärend der Schoulzäit besat. Wëllt Dir eng aner Kéier laanscht kommen, da mellt Iech via Mail oder Telefon um 44 743 243 fir ee Rendez-Vous.
Hei ee puer geplangten Aktivitéite fir d’Massendénger an hir Responsabel:
Ufank November: Editioun vum neie liturgesche Kalenner fir d’Sakristeien a fir d’Massendéngerresponsabel
– 17.11.2018: feierlech Pilgermass zu Iechternach zur Éier vum 2.Schutzpatréiner vun de Lëtzebuerger Massendénger
– 11.12.2018: Begéigungsowend beim Här Äerzbëschof zesumme mat der “Equipe Lëtzebuerger Massendénger” fir all Massendéngerresponsabel am Bëschofshaus.
– 30.3.2019: 23. MAFREMA (viraussiichtlech zu Ettelbréck)
– 19.04. + 20.04.2019: Klibberen an den Dierfer
– 25.05.2019 (?): Pligermass fir all Massendénger an der Kathedral
– 26.05.2019: Schlussprëssessioun an der Stad
– 11.06.2019: Sprangprëssessioun zu Echternach
– ëm den 09.07.2019: Tarcisiusfeier an der Par Äischdall-Helpert Saint Willibrord
– 10.09.2019: diözesane Pilgerdag zu Banneux (B)
Fir all Informatiounen:
Kuckt op eiser Homepage an/oder abonnéiert Iech op eis Newsletter.
- Seit 60 Jahren treu im Dienst der Kirchenmusik
- Erzbischof Jean-Claude Hollerich zum Vorsitzenden der COMECE gewählt
- Des personnes avec un visage, un nom et une histoire personnelle
- Große Verdienste der beiden Liturgiker gewürdigt
- Mgr Jean-Claude Hollerich a présidé à l’« admissio » de deux séminaristes