| lb | fr | pt | en |
Zesumme Kierch sinn - Vernetzt
En interaktive Projet am Kader vun der Covid-19-Kris / Maacht mat a schéckt eis e Selfie eran!
ZESUMME KIERCH SINN, dat ass de Motto vum 150. Gebuertsdag vun eiser Diözees.
Dëst Joresthema kritt an dësen Deeg vum Corona-Virus eng ganz besonnesch Bedeitung.
ZESUMME KIERCH SINN bréngt nei Erausfuerderunge mat sech.
Wéi kann ech an dësem Kontext Kierch liewen an erliewen?
Wat heescht dat fir mäin Alldag?
Wat gëtt mir Kraaft als Chrëscht, all Dag nei unzefänken?
z.Bsp.: aner Mënschen, meng Famill, Frënn, sozial Engagementer, Geste vu Nächsteléift, meng Aarbecht ënnert neie Konditiounen, dem Herrgott säi Wuert, d’Persoun vu Jesus Christus, dat perséinlecht Gebiet an d’Stëllt, d’Feiere vun der Mass iwwer déi sozial Medien, nei Méiglechkeete fir mäi Glawen ze nieren, e gutt Buch, Musek live oder op CD, e gudde Film, mäi Gaart, d’Natur, mäin Doheem asw.?
Esou kënne mir an der Villfalt vun eise Beruffungen a Charismen weisen, wéi mir äis als Gedeeften op ganz verschidde Manéiere vernetzen an een deen aneren um Wee op Ouschteren encouragéieren.
Bei dësem interaktive Projet ka jidderee matmaachen! Awer wéi geet dat?
Andeems ee ganz einfach e Selfie, d.h. eng Foto vu sech selwer mécht an eppes vun deem dokumentéiert, dat een an dësen Deeg liewen deet. Dës Foto mat ären Donnéeë gëtt da via folgende Formulaire eropgelueden.
Um Site vun der Kathoulescher Kierch ginn d’Fotoen am Look vum 150. Gebuertsdag publizéiert. Déi gesammelt Biller gi spéider zu engem gréissere Konschtwierk zesummegefouert.
Hei gesitt Dir d’Biller an eiser Galerie!
Dozou méi Infoen an der zweeter Halschent vum Jubiläumsjoer.
Merci elo schonns fir Äert Matmaachen!
An der Hoffnung, um Wee op Ouschteren ... ZESUMME KIERCH SINN!

Unterstützen Sie die vollständige Instandsetzung des Instrumentes mit Ihrer Spende!



YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr