lb | fr | pt | en |
Aacht Verbesserungsvirschléi fir d’Lëtzebuerger Asylpolitik
D’Caritas, d’Communauté Vie Chrétienne (CVX), d’Jesuitegemeinschaft, d’Kommissioun Justice et Paix an d’Initiativ Reech eng Hand maache Proposen un di politesch Parteien am Virfeld vun de Walen
D’Caritas, d’Communauté Vie Chrétienne (CVX), d’Jesuitegemeinschaft, d’Kommissioun Justice et Paix an d’Initiativ Reech eng Hand, Organisatiounen, déi alleguer engagéiert sinn am Beräich vum Accueil a vun der Integratioun vu Persounen, déi hei zu Lëtzebuerg Schutz sichen, hunn aacht Verbesserungsvirschléi fir d’Lëtzebuerger Asylpolitik ausgeschafft. Dës Propositioune si viru kuerzem de politesche Parteien zougeschéckt ginn, fir dass si se kënnen an hir jeweileg Wahlprogrammen ophuelen, a spéider am zukünftege Regierungsprogramm hir Plaz fannen. Entrevuë mat de politesche Parteie goufen ugefrot a wäerten am Laf vun deenen nächste Woche stattfannen.
Duerch hir Erfarung um Terrain, a virun allem duerch den Austausch mat de fräiwëllege Mataarbechter, ginn dës Organisatioune regelméisseg mat schwierege Situatioune konfrontéiert, déi entstinn, well e klore legale Kader feelt, politesch Entscheedungen oder administrativ Verfahren der Saach net gerecht ginn.
Hei sinn am Resumé déi aacht Punkten, déi een um Site www.reech-eng-hand.lu kann noliesen.
1. Eng eenzeg Immigratiouns-Verwaltung, déi kompetent ass fir d’Prozeduren, den Accueil an d’Integratioun, wou jiddereen, deen nei ukomm ass enger Referenz-Persoun zougedeelt gëtt (Guichet unique).
2. Elektronesch liesbar Kaarte fir d’Flüchtlingen (demandeurs de protection internationale/DPI) sollen di rosa Identitéits-Formulairen an all déi Bongen, déi net méi zäitgeméiss sinn, duerch méi en effikasse System ersetzen.
3. Folgenden Hébergement’s System, deen differenzéiert tëschent:
– dem éischten Accueil vun den DPI, dee vu staatlecher Säit assuréiert gëtt,
– während der Zäit wou d‘Asyl-Prozedur leeft, a Foyere mat net méi wi 100 Leit, déi vun agreéiert Associatioune geréiert ginn, nom Prinzip vun der Subsidiaritéit.
– während der Zäit vun der Integratioun fir d’Flüchlingen, déi unerkannt goufen, an dezentraliséierte Wunnengen, déi vun de Gemengen, mat Hëllef vun den Associatiounen, geréiert ginn.
4. D’Fërderung vun der Integratioun soll, zousätzlech zu de Sproochecoursen, verstäerkt ginn duerch Formatiounen, déi et erlaben, de Flüchtlingen hir Kompetenzen un d’Exigenze vun eisem Aarbechtsmaart unzepassen.
5. E verbesserte Kader schafe fir den Empfank vu Mannerjähregen, déi eleng ënnerwee sinn.
6. Eng Erweiderung vun de legale Méiglechkeete fir an d’Land kënnen anzereesen, an domadder de Mënscheschmuggel bekämpfen an illegal Areese reduzéieren.
7. Den Zougank zur Nationalitéit fir eeler Flüchtlinge vereinfachen.
8. Eng Regularisatioun vu Fall zu Fall a Situatiounen, wou Flüchtlinge scho méi laang bei äis liewen, fir Situatioune vun Illegalitéit oder prekär Situatioune vu Persounen, déi een net kann zréckschécken, en Enn ze setzen.
- « Intégrer les réfugiés et les personnes éloignées du marché de travail »
- Migranten und Flüchtlinge: Menschen auf der Suche nach Frieden
- Huit propositions d’amélioration de la politique d’asile au Luxembourg
- L’Europe forteresse n’est pas la solution !
- Aacht Verbesserungsvirschléi fir d’Lëtzebuerger Asylpolitik