lb fr pt en
Joer C  
25. November 2015

Ouschternuecht C

Lk 24,1-12

1 Deen éischten Dag vun der Woch, an aller Herrgottsfréi, sinn d’Frae bei d’Graf gaang an hunn d’Essenze matgeholl, déi si preparéiert haten.

2 Si hu gesinn, datt de Stee vum Graf ewechgerullt gi war,

3 a wéi si eragaang sinn, hunn si dem Jesus, dem Här, säi Läif net fonnt.

4 Wéi si do stoungen an hirer Hänn kee Rot méi woussten, koumen zwéi Männer a glënnerege Kleeder op si duer.

5 Si hunn et mat der Angscht ze doe kritt an hunn an de Buedem gekuckt; déi zwéi Männer awer soten zu hinnen: "Firwat sicht dir dee Liewege bei deenen Doudegen?

6 Hien ass net hei, hien ass aus dem Doud erwächt ginn! Erënnert iech drun, wat hien iech gesot hat, wéi hien nach a Galiläa war:

7 De Mënschejong muss u sënneg Mënschen ausgeliwwert a gekräizegt ginn an deen drëtten Dag operstoen."

8 Dunn hunn d’Fraen sech un seng Wierder erënnert.

9 Wéi si vum Graf zréckkomm sinn, hunn si deenen Eelef an deenen aneren alles erzielt.

10 Déi, déi den Apostelen dat gesot hunn, waren d’Maria vu Magdala, d’Johanna an d’Maria, dem Jakobus seng Mamm, an och déi aner, déi bei hinne waren.

11 Ma hir Wierder sinn deene virkomm wéi dommt Geschwätz, an si hunn de Fraen net gegleeft.

12 De Péitrus awer ass opgestan an ass bei d’Graf gelaf; hien huet sech eragebéckt an huet soss näischt gesi wéi d’léngen Dicher. Dunn ass hien heemgaang, verwonnert iwwer dat, wat geschitt war.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu