lb | fr | pt | en |
Interessant Dokumentatioun iwwert dat kierchlecht a kulturellt Liewe vu Manternach
Den Här Äerzbëschof krut d’Jubiläumsbuch “150 Jar Manternacher Kierch” iwwerreecht
Am Numm vum Organisatiounscomité “150 Jar Manternacher Kierch” a vun der Kierchefabréck Manternach huet de President vum Kiercherot Aloyse Schumacher, d’Trésorière Marylène Heinz-Kayser an de Carlo Heinz, Member vum Organisatiounscomité, dem Här Äerzbëschof e Méindeg, 18. September, en Exemplar vum neie Jubiläumsbuch “150 Jar Manternacher Kierch” iwwerreecht.
Si hunn dem Här Äerzbëschof villmools Merci gesot fir seng Ënnerstëtzung a seng Presenz bei de Feierlechkeeten, déi bei Geleeënheet vun deem Anniversaire organiséiert goufen.
Déi am Buch beschriwwen historesch Evenementer vun der Manternacher Kierch, zesumme mat ville Fotoen, ginn dem Buch vun 215 DinA4-Säiten de Charakterzuch vun enger interessanter Dokumentatioun iwwert dat kierchlecht a kulturellt Liewe vu Manternach.
Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich huet hinnen e grousse Merci fir di schéi Publicatioun gesot a begréisst, datt esou d’Lokalgeschicht vun der kierchlecher Gemeinschaft an de lokale Patrimoine valoriséiert ginn.
D’Buch kann een zum Präis vu 55 Euro kafen: entweder an der Librairie LIBO zu Gréiwemaacher oder andeems een dëse Betrag op de CCPL LU82 1111 0121 2193 0000 vun der Kierchefabréck Manternach iwwerweist mat der Kommunikatioun “Jubiläumsbuch” an der kompletter Adress. D’Buch gëtt da per Post zougeschéckt.
- Erzbischof Jean-Claude Hollerich zum Präsidenten der Jugendkommission der CCEE gewählt
- „Journée mondiale des pauvres“ künftig auch in der Luxemburger Kirche
- Montrer le dynamisme et la créativité de l’Église en Europe
- „Et as en grouss Pläsier“
- Erzbischof Jean-Claude Hollerich in seinem Amt als Präsident von Justitia et Pax Europa bestätigt