lb fr pt en
Aktivitéiten 2018 . Activités 2018  
13. Dezember 2018

E grousse, waarme Merci fir all Engagementer

Begéignungsowend vum Här Äerzbëschof mat de Massendénger-Responsabel

Reegelméisseg setzen d’Massendéngerresponsabel sech fir d’Massendénger an hirer Par an. Den Här Äerzbëschof hat si duerfir zesumme mat der ganzer Equipe Lëtzebuerger Massendénger fir Äre wäertvollen Asaz op eng Receptioun an d’Bëschofshaus algeueden.

Aus allen Dekanater si Massendéngerresponsabel der Aluedung nogaangen an hu sech zesummen am Bëschofshaus afonnt. Bei engem gudde Pättchen an engem gudde Maufel gouf zesumme gepotert an iwwer d’Massendéngeraarbecht an den Dekanater an och doriwwer eraus ausgetosch. Den Här Äerzbëschof huet e grousse, waarme Merci fir all Engagementer ausgeschwat. Déi aktuell geplangten Aktivitéite fir a mat de Massendénger aus eiser Äerzdiözese goufen och virgestallt.

No deem gelongenen Owend huet eisen Här Äerzbëschof direkt entscheet, datt dëse Begéignungsowend elo ee feste Rendez-vous am Advent gi soll.

Homepage: massendenger.cathol.lu

Kontakt: massendenger@cathol.lu

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu