lb fr pt en
Aktivitéiten 2019 . Activités 2019  
11. Dezember 2019

Ee MERCI fir all wäertvoll Déngschter

Begéignungsowend mat de Massendéngerresponsabel am Bëschofshaus

Foto: Nicole Pierrard

Reegelméisseg schaffe vill Massendéngerresponsabel an de Paren an eis Äerzdiözes mat de Massendénger – ee wäertvollt Engagement an eiser Lëtzebuerger Kierch.

Eisen Här Kardinol Jean-Claude Hollerich, hat um Dënschdeg Owend, 10. Dezember, déi benevol Mataarbechter zesumme mat der ganzer Equipe Lëtzebuerger Massendénger als MERCI fir hire wäertvollen Asaz op eng gemittlech Receptioun an d’Bëschofshaus agelueden.

Den Här Kardinol huet ee grousse waarme Merci fir all déi wäertvoll Engagementer ausgeschwat a jiddereen encouragéiert un eiser Lëtzebuerger Kierch, mat der mir elo 150 Joer Diözes feieren, aktiv dobäi ze sinn. No etlechen Informatiounen, wat d‘Ekipp Lëtzebuerger Massendénger fir déi nächste Méint geplangt huet, goung et viru mat engem gesellegen Deel.

Mat enger fruuchteger Drëps aus dem Wéngert an engem gudde Maufel aus der Kichen gouf zesumme gepotert, iwwer d’Massendéngeraarbecht ausgetosch an nei Kontakter goufe geknëppt. Dobäi gouf och net vergiess, fir sech an eisem fonkelneie Gäschtebuch vun de Lëtzebuerger Massendénger ze veréiwegen an dat mat Aussoen wéi „Merci fir dee flotten Owend“, „Merci datt ech nei Responsabel kennegeléiert hunn“, „Villmools Merci fir déi léif Invitatioun an dee guddem Empfang“, „Villmools Merci datt mir hei zesumme si konnten“, „Dir kennt all weiderhin op iis zielen“, „Déi Weeltzer schécken Eech léif Gréiss“, „All Goudes a bis d‘nächst Jaouer“…

Een neie Rendez-vous fir d‘Massendéngerresponsabel – dës Kéier fir zesummen ze schaffen – ass am Juni bei eisen Treffen an den eenzelen Dekanater. Zesumme gefeiert gëtt dann nees viraussiichtlech am Advent 2020.

Homepage: https://cathol.lu/massendenger
Kontakt: massendenger@cathol.lu

Tanja KONSBRUCK
tanja.konsbruck@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu