lb fr pt en
Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages  
6. Februar 2016

„Barmhäerzeg wéi de Papp“

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2016

Léif Schwësteren a Bridder!

D’Faaschtenzäit an dësem Joer ass eng ganz besonnesch Faaschtenzäit. Wëll dat Hellegt Joer vun der Barmhäerzegkeet, dat mir zanter dem 8. Dezember 2015 zesumme mat der ganzer Kierch feieren, dat stellt eis dës Zäit méi staark wéi soss nach an d’Liicht vun der Barmhäerzegkeet vu Gott. Während deene 40 Deeg vun der éischterlecher Bousszäit, do solle mir eise Wee mat Gott a mat de Mënsche bedenken, mir solle kucken, wou mir stinn an eisem Glawens- a Gebietsliewen, mir sollen opmierksam gi fir eis Matmënschen, mir sollen eis opmaache fir Gott. Eent vun deene schéinste Biller fir dës Zäit vun der Ëmkéier ass dat vun dem biblesche Gläichnis vum „verlorenen Sohn“ (Lk 15,11-32). Et erzielt eis vun deem Jong, deem et net méi duergaangen ass, fir einfach doheem am Gléck vu sengem gudde Papp ze wunnen an ze liewen. Hie wollt d’„Welt“ erfueren, wollt säi Gléck op anere Plaze sichen, huet gemengt, dass hie méi ee flott Liewe kéint hunn, wann hie vun doheem a vu sengem Papp getrennt wier. An am Ufank huet dat och wonnerbar geklappt, a kengem Moment huet hien zeréck verlaangert, hien huet sech ameséiert a war gudder Déng. Bis zu deem Dag, wou hien näischt méi Rescht hat, a wou hien op eemol gemierkt huet, dass all seng vermeintlech Frënn hien net méi kannt hunn, an hie sech op eemol huet missten als Schwéngshiert verdéngen. Dunn ass hien a sech gekéiert an huet no laanger Iwwerleeung den Entschloss geholl, fir zu sengem Papp zeréck ze kéieren, an sech him als Aarbechter unzebidden. Dat Wonnerbarsten un deeër Geschicht ass awer d’Reaktioun vum Papp: deen ass net rosen iwwert d’Fortgoe vum Jong, mee sehnsüchteg verlaangert hien Dag fir Dag no dem Erëmkomme vu sengem Jong, a wéi en e vu wäitem gesäit, do leeft en him entgéint, schléisst en a seng Aarm, léisst e mol guer net ausschwätzen, mee feiert ee grousst Fest.

Wann een dëst Gläichnis dann iwwerdréit, dann erzielt et eis virun allem vun deeër onendlecher Barmhäerzegkeet vu Gott. Gott steet Dag fir Dag do a waard op eis, hie waard drop, dass mir bei hien zeréckkommen, jo, hie rennt eis souguer entgéint, fir eis mat senger Léift a Barmhäerzegkeet ze ëmginn. Sou ass Gott, kënne mir soen, sou ass Gott fir eis Mënschen. D’Faaschtenzäit vun dësem Joer rifft eis duerfir ganz besonnesch op, fir dës Barmhäerzegkeet vu Gott un eis erfueren ze loossen, fir eis an dës Barmhäerzegkeet vu Gott einfach erafalen ze loossen a seng Léift un eis selwer ze erfueren.

Ee gudde Moment dofir ass d’Sakrament vun der Beicht, zu deem ech Iech ganz besonnesch och während der Faaschtenzäit invitéieren. Et geet do net ëm d’Ukloen, dorëms, dass een sech soll schlecht fillen oder dass ee géif vernannt gi wéinst all deem Schlechten, wat ee gemaach huet – a wa mir wierklech éierlech mat eis selwer sinn, da musse mir och agestoen, dass mir vläicht guer net ëmmer sou gutt si wéi mir eis an aneren dat heiansdo virmaache wëllen. Mee et geet net un alleréischter Stell ëm d’Schold – neen, et geet dorëms, dass mir eis déi Barmhäerzegkeet vu Gott zousprieche loossen, ganz konkret, jiddereen eenzelnen, an deene schéine Wierder vun der „Lossprechung“ duerch de Geeschtlechen. Sou kënne mir erfueren, dass Gott et wierklech eescht mat eis mengt, dass mir bei him ganz perséinlech zielen, dass hie jiddereen eenzelne vun eis an seng Léift ophëlt. Ech kann nëmmen nach eng Kéier soen: Gitt erëm beichten! Maacht iech op fir d’Barmhäerzegkeet vu Gott! Loosst Gott Iech seng Léift zouspriechen!

D’Faaschtenzäit rifft eis awer net nëmmen derzou op, fir eis selwer erëm nei vun der Barmhäerzegkeet vu Gott uspriechen ze loossen, mee fir och ganz bewosst selwer d’Wierker vun der Barmhäerzegkeet ze maachen. D’Traditioun vun der Kierch kennt nieft de 7 geeschtleche Wierker och nach déi 7 leiflech Wierker vun der Barmhäerzegkeet: deenen Hongeregen z’iessen ze ginn, deenen Obdachlosen een Daach unzebidden, déi Plakeg unzedoen, déi Krank ze besichen, déi Gefaangen ze besichen, déi Doudeg ze begruewen, Almosen ze ginn. Villes dovunner geschitt a Servicer, déi d’Kierch an och staatlech Institutiounen ubidden. Awer et geet hei och nach ëm méi, et geet drëm, fir eis Häerzer wierklech opzemaache fir dee Mënsch, deen an Nout ass, fir seng Nout un eis erukommen ze loossen, a fir ze iwwerleeën, wéi ech deem aneren a senger Nout ganz bewosst kann hëllefen, wéi ech him eng Plaz a mengem Liewen, an eiser Gesellschaft ka ginn, sou dass hie sech ugeholl ka spieren. Als Chrëschte si mir do ganz besonnesch erausgefuerdert, grad an eiser Zäit, wou sou vill Mënschen un d’Dieren vun Europa klappe kommen, fir bei eis eng sécher Heemecht kënnen ze fannen. Hunn dës Mënschen op eemol kee Recht méi, fir bei eis Mënsch ze sinn? Mir kënnen net vun engem Gott schwätzen, dee mat eis soll barmhäerzeg sinn, wa mir selwer eis Häerzer an Dieren a Grenzen zoumaache fir deen Aneren.

Léif Bridder a Schwësteren! An dësem Hellege Joer vun der Barmhäerzegkeet feiere mir hei zu Lëtzebuerg awer och nach den 350. Jubiläum vun der Erwielung vun der Muttergottes, Tréischterin am Leed, zu der Patréinesch vun der Stad. Dat ass kee Jubiläum, deen näischt mat deem Hellege Joer ze dinn hätt. Neen, d’Maria selwer däerfe mir uruffen an erfueren als Mamm vun der Barmhäerzegkeet, „Mater misericordiae“. D’Mënschen hunn sech deemools ganz besonnesch hirem Schutz an hirer Fürsprooch uvertraut, an si hunn dierften erfueren, dass d’Maria äis hei zu Lëtzebuerg zanter ville Jorhonnerte begleet an eist Land a seng Awunner ëmmer ënnert hire Schutz hëlt. Sou däerf och dëse Jubiläum vun der Tréischterin fir eis all eng Zäit vun der Gnod sinn, wou mir eis op een Neits der Maria uvertrauen, wou mir hir d’Uleies an d’Erneierung vun eiser Lëtzebuerger Kierch an d’Hänn leeën, wou mir hir d’Uleies vun der Welt däerfe soen. Si begleed eis a féiert eis ëmmer nees nei zu hirem Jong Jesus Christus, an deem d’Barmhäerzegkeet vu Gott fir eis opstrahlt, fir dass mir selwer barmhäerzeg kënne gi wéi eise gudde Papp am Himmel!

Lëtzebuerg, op Liichtmëssdag, den 2. Februar 2016

+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2016 (PDF)
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu