lb | fr | pt | en |
Bëschofswuert fir d’Kollekt «Sans-abri 2014»
Mir all si Caritas
Mat sengem «Apostolesche Schreiwen» mam Titel «Evangelii Gaudium» («D’Freed vum Evangelium») huet de Poopst Franziskus eis opgerëselt. Hien erënnert eis un zwee ganz zentral Uleies. Dat éischt ass, dass am Zentrum vun all eisem Schaffen a Wierken d’Evangelium, also déi Frou Botschaft vu Jesus Christus, steet. Dat passt gutt zu eiser gemeinsamer Demarche, dass mer eis zu Christus bekéiere wëllen. Mir wëllen dat vu ganzem Härze maachen!
An dat zweet ass: d’Evangelium huet eng sozial Dimensioun! Dass mir op déi Frou Botschaft lauschteren, weist sech an eisem Ëmgang mat deenen anere Mënschen, besonnesch mat deenen Aarmen. Wee sech zu Christus bekéiert, erwielt déi Arem zu senge «Frënn». «Es ist unerlässlich, neuen Formen von Armut und Hinfälligkeit – den Obdachlosen, den Drogenabhängigen, den Flüchtlingen, den eingeborenen Bevölkerungen, den immer mehr vereinsamten und verlassenen alten Menschen usw. – unsere Aufmerksamkeit zu widmen. Wir sind berufen, in ihnen den leidenden Christus zu erkennen und ihm nahe zu sein, auch wenn uns das augenscheinlich keine greifbaren und unmittelbaren Vorteile bringt.» (Evangelii Gaudium, 210)
Wann d’Caritas eis um zweete Faaschtesonndeg invitéiert, hinne bei de Projete fir d’Mënschen op der Strooss ze hëllefen, dann engersäits well se op eis Hëllef ugewise sinn, an anerersäits well et net eleng eng Saach vun der Caritas ass. Mir all si Caritas. Mir all si fir déi aner Mënschen d’Gesiicht vu der Léift. Dëst Joer ënnerstëtze mer domatt Projeten am Beräich Konscht a Sport. Si sollen den Obdachlosen erméiglechen, hiert Liewe besser ze meeschteren, nei Perspektiven ze fannen an erëm u sech selwer an hir Méiglechkeeten ze gleewen.
De Poopst huet och nach geschriwwen: «An jedem Ort und bei jeder Gelegenheit sind die Christen, ermutigt von ihren Hirten, aufgerufen, den Schrei der Armen zu hören.» (Evangelii Gaudium, 191) An deem Sënn wëll ech iech als Bëschof vu Lëtzebuerg d’Kollekt fir d’Caritas un d’Häerz leeën als Deel vun eiser Demarche vu Bekéierung zur Léift. Merci all deene villen, déi am dagdeeglechen Asaz den obdachlose Mënschen hëllefen hiert Liewen ze gestalten. A Merci iech all fir Är tatkräfteg Ënnerstëtzung.
+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
- D’Wuert zum Sonndeg . La Parole du Dimanche
- Rieden & Interviewen . Discours & entretiens
- Kardinolserhiewung . Création cardinalice
- Aktivitéiten . Activités
- Priedegten . Homélies
- Arcebispo do Luxemburgo vai presidir às cerimónias de 13 de Agosto em Fátima
- Mgr Jean-Claude Hollerich va à Fatima le 13 août
- Erzbischof Jean-Claude Hollerich geht am 13. August nach Fatima
- Kardinal Jean-Claude Hollerich
- Cardinal Jean-Claude Hollerich