lb | fr | pt | en |
14. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 6,1b-6
1b De Jesus ass an säin Heemechtsduerf komm, an seng Jünger sinn him nokomm.
2 Um Sabbat huet hien an der Synagog ugefaang, d’Leit ze léieren, a vill vun deenen, déi nogelauschtert hunn, waren ausser sech a soten: "A wou huet hien dat alles hier? Wat ass dat fir eng Weisheet, déi him ginn ass, a wat sinn dat fir Wonner, déi hie wierkt?
3 Ass hien net den Zammermann, der Maria hire Jong, dem Jakobus, dem Joses, dem Judas an dem Simon hire Brudder? Sinn seng Schwësteren net hei bei äis?" An si hunn Ustouss un him geholl.
4 De Jesus sot zu hinnen: “E Prophéit gëtt néierens veruecht, nëmme just an sengem Heemechtsduerf, an senger Famill an an sengem Haus.”
5 Hie konnt do kee Wonner wierken, just e puer Kranken huet hien d’Hänn opgeluecht an si geheelt.
6 An hien huet sech iwwer hiren Onglaf gewonnert. Dueropshin ass hien an d’Dierfer ronderëm gaang an huet do d’Leit geléiert.