lb | fr | pt | en |
D’Mass um 11. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Éinen iwwerdroen
Den 18. Juni gouf d’Sonndesmass vun Éinen iwwerdroen. Et huet den Ensemble vocal Ste Cécile Ehnen, begleet vum Sträichquartett vum Lëtzebuerger Kammerorchester gesong, Organist war de Paul Wio. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
Den Ensemble vocal Sainte-Cécile Éinen
Den Ensemble vocal Sainte-Cécile Éinen féiert a solistescher Besetzung déi laang Traditioun vun der Chorale Sainte-Cécile Ehnen weider, déi 1852 als eelsten Duerfveräin gegrënnt gouf.
D’Sänger setzen sech fir de Musel-Répertoire an, z. B. mat hirer CD „Léiderschall am Museldall“, si organiséiere klassesch Concerten doheem an am Ausland, si encadréiere kulturell Manifestatiounen. Säit e puer Joren sangen si d’Radios-/Tëleesmass an der ronner Kierch zu Éinen.
Déi Mass vun dësem Joer, bei däer e Sträichquartett vum Lëtzebuerger Kammerorchester matwierkt, bréngt e Programm mat Lëtzebuerger geeschtlecher Musek.
Ët séngt den Ensemble vocal Ste Cécile Ehnen: Anne Berna, Lynn Schumacher, Jean-Marie Sadler, Carlo Entringer, begleet vum Sträichquartett vum Lëtzebuerger Kammerorchester: Anastassia Milka, Solomiyia Storozhynska, Jean-François Mein, Maria Kulikowa. Organist: Paul Wio
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Fantaisie in d-Moll | Jos Kinzé |
---|---|---|
Agangslidd | Maria Mater Jesu | Jean-Pierre Beicht |
Kyrie | Kyrie - Messe in F-Dur (1884) | Laurent Menager |
Gloria | Gloria - Messe in F-Dur | Laurent Menager |
Alleluja | Alleluja | René Ponchelet |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Super flumina Babylonis (1943) | Jean-Pierre Schmit |
Sanctus | Sanctus - Messe in F-Dur | Laurent Menager |
Wandlung | Adagio (1957) | Jos Kinzé |
Vater unser | Pater noster | Luc Rollinger |
Agnus Dei | Agnus Dei - Messe in F-Dur | Laurent Menager |
Kommiounslidd | O salutaris | Nicolas Schuh |
Schlusslidd | De Wéngertsmann (1934) | Nik Entringer |
Uergel: Sortie | Sortie brève Do majeur | Jos Kinzé |