lb fr pt en de
Sonndesmass  
21. Januar 2021

D’Sonndesmass gouf vun Hemstal iwwerdroen

Elo am Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 24. Januar, um 9 Auer aus der Kierch vu Hemstal iwwerdroen. E Grupp vu Kantoren aus de Kierchechéier vu Bech-Biwer-Hemstal huet ënnert der Leedung vum Tom Osborne gesongen, um Keyboard begleet vum Libby Kramer.

D’Radiosmass vum 3. Sonndeg am Joreskrees B , gläichzäiteg de Sonndeg vum Wuert Gottes, matzen an der Woch vun der Eenheet vun de Chrëschten, gëtt zu Hemstel vun engem klenge Grupp vu Kantoren a Sänger aus de Kierchechéier vu Bech-Biwer-Hemstel animéiert. Am Evangelium gëtt vun deenen véier éischte Jünger erzielt, déi beim See vu Galiläa vum Jesus beruff gi sinn fir Fëscher vu Mënschen ze ginn. An der Kierch zu Bech kann een dësen Text aus dem Markusevangelium an enger vun der Kierchefënsteren, déi dem Apostel Johannes gewidmet sinn, als Bild kucken a meditéieren. Mir hunn fir déi gesanglech Gestaltung vun dëser Radiosmass Lidder aus dem modernen däitschen, franséischen an amerikaneschen Repertoire erausgesicht. D’Wuert vu Gott, d’Lidder, d’Bild vun der Becher Kierchefënster an d’Gebieder sollen ons beweegen a begleeden, a mat eisem Liewen an Dialog trieden, wa mir als Chrëschte vun haut zesummen ënnerwee sinn.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel As the Deer Martin Nystrom, Arr. Douglas E. Wagner
Agangslidd Lasst uns ziehn zu den Quellen des Lebens F.-T. Sonka, N.M. Becker, T. Kladeck
Kyrie gëtt gebiet
Gloria Gloria, Ehre Gott in der Höhe J. Berthier, H. Schubert
Psalm Comme un souffle fragile P. Jacob, G. de Courrèges
Alleluja Alléluia L. Grzybowski, B. Foskin, J. Akepsimas
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Parle, Seigneur J.-M. Vincent
Sanctus Heilig, Heilig, Hosanna in der Höhe P. Reulein
Anamnes Magn 360,5
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Petite Messe, Agneau de Dieu J. Akepsimas
Kommiounslidd Here I am, Lord D. Schutte
Schlusslidd Ihr sollt ein Segen sein J.-M. Roth
Sortie: Uergel We gather Together E. Kremser, Arr. J. Carter

Chouer: Kantoren aus de Kierchechéier vu Bech-Biwer-Hemstal
Dirigent: Tom Osborne
Organist: Libby Kramer

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu