lb | fr | pt | en |
2. Faaschtesonndeg A
Mt 17,1-9
1 De Jesus huet de Péitrus, de Jakobus an deem säi Brudder, de Johannes, matgeholl an si op en héije Bierg gefouert, wou si fir sech waren.
2 Virun hiren Ae gouf hie verwandelt: Säi Gesiicht huet geliicht ewéi d’Sonn, an seng Kleeder goufe wäiss ewéi d’Liicht.
3 A kuck, de Moses an den Elias sinn hinnen erschéngen an hu mam Jesus geschwat.
4 Du sot de Péitrus zum Jesus: “Här, et ass gutt, datt mir hei sinn. Wann s du wëlls, da riichten ech hei dräi Zelter op, eent fir dech, eent fir de Moses an eent fir den Elias.”
5 Iwwerdeems hien nach geschwat huet, kuck, dunn huet eng Wollek, déi vu Liicht ëmgi war, hire Schiet op si gehäit, an du sot eng Stëmm aus der Wollek: “Dat hei ass mäi Jong, an ech hunn hie gär; hie steet a menger Gonscht. Lauschtert op hien!”
6 Wéi d’Jünger dat héieren hunn, hunn si sech niddergehäit, mam Gesiicht op de Buedem, well eng freeschlech Angscht an si gefuer war.
7 Dunn ass de Jesus op si duerkomm, huet si beréiert a sot: “Stitt op a fäert net!”
8 Wéi si opgekuckt hunn, hunn si soss kee méi gesi wéi just de Jesus.
9 Iwwerdeems si de Bierg erofgaang sinn, huet de Jesus hinnen den Uerder ginn: “Sot kengem eppes vun deem, wat dir gesinn hutt, bis de Mënschejong aus dem Doud erwächt ginn ass!”