lb | fr | pt | en |
32. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 12,38-44
38 De Jesus huet déi vill Leit geléiert a sot: "Huelt iech an Uecht virun de Schrëftgeléierten! Si weisen sech gär a prächtege Gewänner a gi gär op de Maartplaze gegréisst,
39 si sëtzen sech gär op déi éischt Plazen an de Synagogen an hätte gär d’Éiereplaze bei Dësch.
40 Si friessen de Witfraen hir Haiser op, an si ginn sech no baussen, wéi wann si laang biede géifen. Ëmsou méi en haart Uerteel gëtt eng Kéier iwwer si gesprach."
41 Wéi de Jesus sech am Tempel vis-à-vis vum Afferstack gesat huet, huet hien de Leit nogekuckt, déi Suen dragehäit hunn. Vill Räicher hunn déck Zomme ginn.
42 Dunn ass eng aarm Witfra komm, déi just zwéin Zantimm ginn huet.
43 De Jesus huet seng Jünger bei sech geruff a sot zu hinnen: "Amen, ech soen iech: Dës aarm Witfra huet méi an den Afferstack gehäit wéi all déi aner,
44 well si all hunn nëmmen eppes vun deem ginn, wat si am Iwwerfloss hunn, d’Fra awer huet vun deem Wéinegen, wat si hat, alles ginn – hire ganze Liewesënnerhalt."