lb fr pt en
Kierch & Coronavirus . Église & coronavirus  
26. Mee 2020

Eis Kierchen an der Zäit Covid-19

Am Bild festgehal

Dëst ass fir eis all eng aussergewéinlech an ongewéinlech Situatioun. Och eis Kierche presentéiere sech eis vun elo un anescht, wéi mir dat gewinnt sinn.

An de Paren ass vill geschafft ginn, fir eis Kierchen de Virschrëften entspriechend ze amenagéieren. Dofir op dëser Plaz e ganz grousse Merci u jiddereen, deen eng Hand mat ugepaakt huet!

Et ass ouni Zweifel en ongewinnt Bild, wat eis nach laang en Erënnerung bleift. Fir dëst ze dokumentéieren, maache mir hei en Opruf un di Verantwortlech an de Paren.

Schéckt eis w.e.g. Fotoe vun Äre Kierchen (an Originalgréisst, mat der Uertschaft), wéi si elo, beim Nei-Start, ausgesinn: mir publizéieren en Deel dovun op dëser Plaz an enger Galerie an archivéieren d’Biller, déi Dir eis zur Verfügung stellt.

En häerzleche Merci all deenen, déi äis Fotoe geschéckt hunn!

Kuckt hei d’Biller an der Fotogalerie…
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu