lb | fr | pt | en |
D’Mass op Härläichendag gouf vu Schieren iwwerdroen
Den 11. Juni gouf d’Sonndesmass vu Schieren iwwerdroen. Et hunn d’Chorale Schieren an d’Chorale Concordia Ierpeldeng gesong. Dirigent war de Jean Gehlen, Organisten de Marc Garson an d’Tamara Rosselet. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Schieren an d’Chorale Concordia Ierpeldeng
D’Chorale Caecilia vu Schieren feiert dëst Joer hiren 90. Anniversaire. An dësem Jubiläumsjoer, esou, wéi et och schonns zanter en etleche Joren d’Traditioun ass, sange mir d’Tëleesmass op Härläichendag, dat zesummen mat der Chorale Concordia vun Ierpeldeng, mat där mir ab dem 1.3.2023 zesummen prouwen, dat fir d’Gestaltung vun de Sonndesmassen zu Schieren an zu Ierpeldeng, esou wéi ënnert anerem d’Virbereedung fir zwee Dicks-Concerten, déi den 07.10. zu Ierpeldeng an den 15.10. zu Schieren stattfannen. Gären géife mir nei Sängerinnen a Sänger an eiser Mëtt begréissen, fir zesummen och an der Zukunft déi gesanglech Aktivitéiten ze verschéineren.
Als nächsten Optrëtt ass ee klenge Concert geplangt an eng weider Sonndesowesmass zu Rued/Syr an der Kierch. Wann elo dobaussen nach een sech ugesprach fillt fir matzemaachen, kann hien sech gäre bei eiser Kontaktpersoun mëllen (William Krier, Tel. 770623).
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Prélude Suite 6ème ton transposé | Marin Marais |
---|---|---|
Agangslidd | O salutaris hostia | LD 489 |
Kyrie | Kyrie VIII | LD 333 |
Gloria | Deutsche Messe | Franz Schubert |
Alleluja | Alleluja | LD 206 / 4 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Bei Dir gutt Mamm | M. May |
Sanctus | Deutsche Messe | Franz Schubert |
Agnus Dei | Deutsche Messe | Franz Schubert |
Kommiounslidd | Un monde meilleur | LD 634 |
Schlusslidd | Tantum ergo | LD 488 |
Großer Gott | LD 136 | |
Uergel: Sortie | Allegro Concerto in D BWV 596 | Johann Sebastian Bach |