lb | fr | pt | en |
D’Mass vum 26. Mäerz gouf vu Berdorf iwwerdroen
De 26. Mäerz um 5. Faaschtesonndeg gouf d’Sonndesmass vu Berdorf iwwerdroen. Et hunn d’Kommiounskanner aus de Gemenge Bech, Befort, Berdorf a Consdorf gesong, zesumme mat Elteren a Frënn. Um Keyboard huet d’Libby Kramer gespillt, op der Querflütt d’Tanja Konsbruck, op der Gittar a Cajone den Tom Osborne. Soliste waren d’Libby, d’Paulina an d’Marlena Kramer. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Kommiounskanner an hir Frënn
D’Kommiounskanner, hier Frënn, hier Elteren an deenen hier Frënn, freeë sech, fir d‘Teleesmass vum 5. Faaschtesonndeg ze gestalten. Si stelle sech d’Fro, wéi et an eiser Welt ausgesäit, a wat mir maache kënnen, fir dass et sou schéin wéi méiglech ass fir jiddereen op dëser Welt. E besonnesche Gedanke vun hinnen gëllt den eeleren a kranke Leit. Wéi kënne mir zesumme liewen? Wéi kënne mir déi Mënschen, déi um Buedem leien, an dat, wat net méi lieft, nees lieweg maachen? Mir kënnen d’Leed an der Welt net ewechhuelen, mee mir kënne versichen, selwer net zum Leed bäizedroen an een dem aneren eng Freed ze maachen. Gi Dir mat de Kanner a mat eis op dee Wee?
De musikalesche Programm vun der Mass
Entrée | Let All Things Now Living | Arr: Lloyd Larson |
---|---|---|
Agangslidd | Menschenkinder auf Gottes Erde | Detlev Jöcker, Rolf Krenzer |
Kyrie | Lord, have mercy on us | |
Tëschegsank | Gib uns helfende Hände | Reinhard Horn |
Credo | Glaube bewegt | Catrin Wolfer |
Gowelidd | Du bist die Liebe, mein Gott | Yin-TingLai, Bea Nyga |
Sanctus | Helleg, helleg, helleg | |
Agnus Dei | Donne la paix | Jean-Noël Klinguer |
Kommioun | In His Time | Diane Ball |
Entdecke das Geheimnis | Robert Haas, Markus Erhardt | |
Schlusslidd | Sing and Pray | Arno Backhaus |
Sortie | Let Us Talents and Tongues Employ | Doreen Potter, Arr. John Carter |
D’Tëleesmass lieft zanter 2017 virun allem vun der Generositéit vu ganz ville Leit; pro Mass gi 5.000 Euro gebraucht. Fir datt ganz vill Leit, dorënner besonnesch krank an eeler Matchrëschten, och an d’Zukunft d’Sonndesmass via d’Medie matfeiere kënnen, ass all Ënnerstëtzung méi wéi wëllkomm (Kont vun der Fondatioun Sainte-Irmine: CCPL LU64 1111 7017 0305 0000 - Mentioun: Tëleesmass).
- Archiv
- D’Mass vum 2. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Diddeleng iwwerdroen
- D’Sonndesmass op Dräifaltegkeets-Sonndeg gouf vun Habscht iwwerdroen
- D’Ouschtermass gouf aus der Kierch vun Téinten iwwerdroen
- D’Sonndesmass ass vun Tënten iwwerdroe ginn
- D’Mass um 1. Oktavsonndeg gouf aus der Mäerteskapell vun der Kasär Grand-Duc Jean iwwerdroen