lb fr pt en
Gebieder a Reflexiounen . Prières et réflexions  
10. Abrëll 2020

Karfreideg – haut

Gedanken vum Monique Hermes

Eng aussergewéinlech Pietà vum Schnëtzer Albert Ammann um Kristberg/Montafon. (Foto: Monique Hermes)

De Jesus gëtt geschlo a gegäisselt.

Schléi, och an eiser Zäit:
fir Kanner, Fraen a Männer,
bei brutalen Iwwerfäll,
an d’Gesiicht vun deenen Aarmen an Ënnerdréckten.

Mënsche gi gegäisselt mat zynesche Wierder,
mat entwierdegenden Demütigungen,
duerch systematescht Ausschléissen.

De Jesus kritt eng Därekroun opgesat.

Haut sinn et d’Däre vun engem Virus, déi stiechen,
d’Däre vum Elengsinn, déi wéi dinn,
d’Däre vun der Aarbechtslosegkeet, déi lämen,
d’Däre vum Net-Verstan-Ginn, déi brennen.

D’Vollek jäizt: „Un d’Kräiz mat him!“

D’Vollek jäizt, fir zu sengem Recht ze kommen.

Mënschen halen de Mond virum Misär,
virum Honger, virun der Nout, virun der Gewalt,
virun esou vill Onrecht, wat dagdeeglech geschitt.

De Jesus gëtt un d’Kräiz geschlo.

Mënschen erleiden e schwéiere Schlag:
duerch eng uerg Krankheet,
duerch e schlëmmt Accident,
duerch eng perséinlech Enttäuschung.

Mënsche fille sech ganz eleng mat hirem Kräiz.

Karfreideg haut…

Dem Jesus seng Leidensgeschicht ass net eriwwer.
Si geet weider an eiser Welt, an eiser Zäit,
ganz no bei äis a méi wäit ewech,
all Dag op en Neits.

Mënsche waarden an hoffen:
Op Trouscht am Leed,
op Liicht an der Däischtert,
op en Hoffnungszeechen…

Monique Hermes

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu