| lb | fr | pt | en |
Pällemsonndeg doheem / Dimanche des Rameaux à domicile
Propos, fir dëse Sonndeg doheem e Gottesdéngscht ze feieren / Proposition pour un office religieux à domicile pour ce dimanche

- Russësch Ikon vu Novorod, 16. Jh., Tretjakow-Galerie, Moskau
D’Ouschtergeheimnis weist äis eng grouss Fresque, déi vum Doud an d’Liewe féiert. Duerch dem Jesus säin Doud um Kräiz, huet hien den Doud fir ëmmer besiegt, an äis Dier zum éiwege Liewen opgemaach.
Duerfir fänkt d’Karwoch, déi “Helleg Woch” wéi si och nach genannt gëtt, mat engem freedege Moment un. Et ass den Triumphzuch vum Erléiser an d’Stad Jerusalem. Mir gesinn de Messias, deen am Virfeld vu senger Opersteeung a seng Stad kënnt an hei schonn als den Här vum Liewe gefeiert gëtt.
Op ville Plaze gouf de Pällemsonndeg laang “Pâques fleuries” genannt. Am Mëttelalter goufen nämlech nieft de Palmen oder dem Pällem och nach Blumme geseent. Am Fong geholl invitéiert de Pällemsonndeg äis an der Virfreed op Ouschteren, fir méi wäit ze kucken an äis fir d’Liewen op ze maachen.
D’Pällemprozessioun déi dëst Joer net stattfanne kann ass zu Jerusalem entstanen. No engem Pilgerbericht vun der Egeria au dem 4. Joerhonnert, gouf dëse Sonndeg, wéi all Sonndeg, eng Mass um Jesus sengem Graf gefeiert. Nomëttes huet d’Vollek sech dann um Ölbierg zesummefonnt. Vun do aus sinn d’Leit a Prozessioun erof an d’Stad gaangen. Ënnerwee goufen Hymne gesongen an d’Evangelium vu Pällemsonndeg gouf gelies an Erënnerung un de Jesus, deen op engem Iesel an d’Stad Jerusalem erakënnt. Dobäi haten d’Leit Palmen an den Hänn. Alles war deen Dag op de Been, och d’Kanner. D’Prozessioun, déi vum Bëschof ugefouert gouf, huet d’Leit bis an d’Operstehungskierch gefouert, wou zum Schluss vum Dag eng Vesper gefeiert gouf an ee Gebiet virum Kräiz.
Renée Schmit
Je ne veux pas que cette semaine
ressemble à n’importe quelle autre semaine de l’année.
Je ne veux pas demeurer indifférent
aux mystères de ta passion et de ta mort.
Je veux être là avec la foule pour te louer et pour te glorifier.
Je ne veux pas être seulement un spectateur.
Tu es vraiment le Roi qui vient au nom du Seigneur!
Aujourd’hui, dimanche des Rameaux,
tu entres triomphalement à Jérusalem,
accompagné des acclamations de la foule.
Tu mérites ma louange pour toutes les grandes choses
que tu as faites et que tu fais encore.
Tu mérites ma reconnaissance éternelle
pour tout ce que tu as fait pour moi.
Seigneur, montre-moi ta gloire !
Que je te loue comme le peuple l’a fait
en ce premier dimanche des Rameaux.
Accorde-moi ta grâce, que je chante sans cesse tes louanges
non seulement en paroles
mais par toute ma vie.
Amen!
- Aner Matdeelungen . Autres communications
- Messagen a Medien . Messages et médias
- Matdeelunge vum Äerzbëschoflechen Ordinariat . Communications de l’Administration diocésaine
- Katechees fir doheem . Catéchèse au foyer
- LIVE-STREAM AUS DER KATHEDRAL
- Vatican Media Live (PT)
- Vatican Media Live (IT)
- Aktualisierte Bestimmungen für die kirchliche Praxis
- Vatican Media Live (EN)



YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr