| lb | fr | pt | en |
Um Karfreideg ass de Jugendkräizwee aus der Kathedral iwwerdroe ginn
D’Texter vum Kräizwee fir matzebieden sinn online

Wärend dëser Zäit vun aussergewéinlechen Erausfuerderunge fir äis Welt an eist alldeeglecht Liewen, sinn déi essentiell Saachen nach méi wichteg wéi wärend dem “normalen” Liewen. Gott ass virun allem da bei äis, wa mir leiden. Aus dem Grond invitéiert Iech eisen Äerzbëschof, hien am Gebiet an op der Sich no Gott ze begleeden. D’Jugendpastoral proposéiert Iech 2 konkret Momenter, fir dëst ze maachen:
1. Karfreiden, den 10. Abrëll, de Kräizwee vum Här Äerzbëschof mat Jonke fënnt ënnert enger ugepasster Form statt, um 15 Auer kënnt Dir mat äis zesummen iwwert e Livestream vun der Kathedral aus de Kräizwee bieden: www.cathol.lu/live. Mir invitéieren Iech an dem Moment mat äis ze bieden.

- Klickt op d’Bild fir d’Texter vum Kräizwee ze liesen / Cliquez sur l’image pour lire les textes du Chemin de Croix
2. Mir hunn scho vill verschidde Froen iwwert déi aktuelle Situatioun an der Welt mam Coronavirus kritt. Zesumme mat der Ekipp vun Tweeting with God siche mir Äntwerten. Déi éischt Froen an Äntwerte si schonn disponibel an anerer ginn an deenen nächsten Deeg beigefügt. Den Text wäert ënner anerem op Franséisch, Däitsch, Portugisesch, Englesch, Italienesch a Spuenesch verfügbar sinn.
Luusst also e puer mol eran: Klickt hei !
Mir si mat Iech am Gebiet an am Vertrauen, dat Gott an dësem Moment vun der Krise bei äis ass, verbonnen.
D’Ekipp vun der Jugendpastoral
- Aner Matdeelungen . Autres communications
- Matdeelunge vum Äerzbëschoflechen Ordinariat . Communications de l’Administration diocésaine
- Katechees fir doheem . Catéchèse au foyer
- Messagen a Medien . Messages et médias
- Pastorale des jeunes dans ces temps de crise : questions et réponses
- Vatican Media Live (IT)
- Vatican Media Live (PT)
- Vatican Media Live (EN)
- Eis Kierchen an der Zäit Covid-19


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76