lb fr pt en
 
2. Oktober 2023

Katechees! Mir sinn all derbäi!

Rentrée pastorale de 27. September 2023 am Centre Jean XXIII

Eng nei Etapp um Wee vun der Porkatechees

Ënnert dësem Thema stoung d’Rentrée pastorale dëst Joer. Ronn 110 engagéiert Mataarbechter a Mataarbechterinnen (Geeschtlech, Diakonen, Uerdensleit, Pastoralreferenten, Titularkatecheeten, Benevoller aus Katechees a Leit aus de Porsekretariater asw.) haten sech de 27. September 2023 op Invitatioun vum Generalvikar Patrick Muller, an Zesummenaarbecht mam Centre de formation diocésain Jean XXIII (CFD), am Centre Jean XXIII afonnt.

Am Numm vum Äerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich huet de Weibëschof Leo Wagener d’Leit begréisst a si encouragéiert, grad an engem historesche Moment vu Kierchsinn, wou d’Diere vun der Synod am gaange sinn opzegoen, un ee Prozess vun Erneierung ze gleewen, deen eist Gebiet brauch.

Am Réckbléck op d’Entwécklung vun der Porkatechees zanter 2017 mam Patrick de Rond (Direkter vun der Katechees) a mam Abbé Yves Olinger (Doktorand an der Katechees, LSRS/Tübingen), gouf däitlech, datt et mëttlerweil schonn eng ganz Partie Plazen (14 Poren) gëtt, wou keng Titularkatecheete méi do sinn an d’Katechees vun de Leit aus de jeeweilege Pore gedroe gëtt. Grad hei mussen nei Weeër ageschloe ginn an et dierf experimentéiert ginn: Eng lieweg Katechees, déi vun deene Gedeefte gedroen ass, eng Katechees, déi et fäerdeg bréngt, d’Liturgie an d’Diakonie anzebannen. Fraen a Männer, déi hire Glawe wëlle viru ginn si gefrot a gesicht. Benevoller (bene-volo = Ech wëll gutt, d.h. Ech si bereet), fir eng Katechees, déi an eng nei Etapp geet.

D’Gaaschtreferentin, d’Mme Isabelle Maissin aus der Diözees Namur, huet an hirem liewege Virtrag, deen iwwerschriwwe war: „D’Katechees! All zesummen, all concernéiert!“, hir Erfarunge vun der Basis agebaut. Déi bëscheeflech Delegéiert aus der Nopeschdiözees huet dobäi betount, datt d’Evangelisatioun déi Gedeeften alleguer eppes ugeet (cf. Poopst Franziskus, Evangelii Gaudium n° 120).

klickt op d’Foto fir den Album ze kucken…

Am uschléissenden Austausch gouf dann och däitlech, datt d’Katechees och an eiser Diözees virun neien Erausfuerderunge steet. Dobäi kann de Grupp vun de Katecheeseberoder [1] hëllefen, dee bei dëser Geleeënheet virgestallt gouf. An engem interaktive Moment, deen den Abbé Joël Santer an d’Titularkatecheetin Sonja Sartorius animéiert hunn, goufen d’Leit invitéiert, éischt gutt Friichte vun der Katechees op holzen Äppel ze schreiwen an am Bannenhaff vum CJ23 opzehänken.

Um Wee vun dësem Katecheeseprozess sinn net nëmmen déi Haaptamtlech (Geeschtlech/Diakonen a Laien) gefuerdert, mee hei gëtt däitlech, datt d’Katechees déi ganz chrëschtlech Gemeinschaft concernéiert, well de Jesus äis all duerch eis Daf rifft an erausschéckt: „Die im Volk Gottes versammelten und dem einen Leibe Christi unter dem einen Haupt eingefügten Laien sind, wer auch immer sie sein mögen, berufen, als lebendige Glieder alle ihre Kräfte, die sie durch das Geschenk des Schöpfers und die Gnade des Erlösers empfangen haben, zum Wachstum und zur ständigen Heiligung der Kirche beizutragen.“ (II. Vatikanescht Konzil, Lumen Gentium n° 33).

No engem agreabele Mëttesdësch am Restaurant vun der Caritas „À la Table de Jean XXIII“ hu ronn 50 Intresséierter un engem Workshop deelgeholl, wou a klenge Gruppen d’Method vun der Katechees mat Benevollen initiéiert gouf.


[1Referenzpersounen aus deenen eenzelnen Dekanater: Hélène Neissen-Schneider, Dekanat Norden; Tanja Konsbruck, Dekanat Zentrum; Daniela Steil, Dekanat Osten; Sonja Sartorius, Dekanat Lëtzebuerg; Christine Bußhardt, Dekanat Süden-Ost; Eric Enders, Dekanat Süden-West, Patrick de Rond, Direkter vun der Katechees; Yves Olinger, Doktorand an der Katechees; Renée Schmit, Bëscheeflech Delegéiert fir d’Evangelisatioun an déi diözeesan Bildung, Patrick Muller, Generalvikar a Leo Wagener, Weibëschof.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu