| lb | fr | pt | en |
Keng ëffentlech Griewerseenungen op Allerhellegen an Allerséilen
Video-Message vum Kardinol Jean-Claude Hollerich
Verschiedene Massnahmen sind mittlerweile ausser Kraft gesetzt oder evtl. abgeändert. Bitte entnehmen Sie die aktuelle Bestimmungen in der Rubrik Matdeelunge vum Äerzbëschoflechen Ordinariat.
Message vum Kardinol Jean-Claude Hollerich beim Point-presse vum 23.Oktober 2020
Dir Dammen, Dir Hären,
Ech soen Iech Merci, datt Dir Iech kuerzfristeg hei afonnt hutt, fir eng dréngend Matdeelung.
Di sanitär Situatioun erfuerdert ëmmer erëm eng nei Evaluatioun.
Um Hannergrond vun den Infektiounszuelen, déi an de leschten Deeg drastesch geklomme sinn, a mat Bléck op d’Gesondheet vun de Leit, besonnesch vun de vulnerabele Persounen, hunn ech haut de Moien no Consultatioun vum Bëschofsrot decidéiert, fir di geplangten ëffentlech Griewerseenungen op Allerhellegen an Allerséilen z’annuléieren. Vun där Annulatioun sinn natierlech och déi Griewerseenunge betraff, déi aus praktesche Grënn virun oder nom 1. an 2. November annoncéiert waren.
Dës Decisioun ass eis net liicht gefall, well si eng Gewunnecht betrëfft, déi déif an der Lëtzebuerger Gesellschaft verankert ass. Dës Traditioun ass fir ganz vill Leit wichteg, egal wéi no si sech der Kierch verbonne spieren.
D’Zuele vun de Corona-Infektioune schwätze leider eng deitlech Sprooch a si loossen eis keen anere Choix. Dat heescht awer net, datt eis Verstuerwe vergiess wieren, si dierfen dat net. Et heescht och net, datt keng Seenung wier, just si ass net ëffentlech.
An deem Sënn weisen ech op Folgendes hin:
- 1. All Geeschtlech (Priister, Diakonen a mandatéiert Laien) sinn opgeruff, all Kierfechter ronderëm Allerhellegen ze seenen, allerdéngs ouni Publikatioun vun den Auerzäiten an ouni Presenz vun de Leit.
- 2. Wann di sanitär a rechtlech Konditiounen et erlaben, invitéieren ech d’Leit eleng d’Griewer vun hire léiwe Verstuerwenen opzesichen an och ze rëschten, zu engem Moment ronderëm Allerhellegen, dee si selwer bestëmmen.
- 3. D’Pore ginn opgeruff, fir op Allerhellegen an op Allerséilen um 12.05 Auer d’Klacke wärend 5 Minutten ze lauden, als Zeeche vum Gedenken un all Verstuerwen a grad och un d’Affer vun der Corona-Pandemie.
- 4. De Bistum wäert e puer Gebieder fir déi Verstuerwe proposéieren, déi een an den nächsten Deeg op eisem Site fënnt an déi geduecht sinn als eng Hëllef beim Gebiet um Graf oder doheem.
- 5. Ech selwer wäert zu där Geleeënheet och e Videomessage ginn, dee sech un all Leit adresséiert an och a schrëftlecher Form virleie wäert.
- 6. Ech wäert och op Allerséilen eng Mass fir di Verstuerwen an der Kathedral halen.
- 7. Déi schonn annoncéiert Masse fir Allerhellegen an Allerséilen sollen, sou wäit wéi méiglech, stattfannen, natierlech ënnert den entspriechende Schutzmoossnamen. Den haut scho publizéierte Gottesdéngschtprogramm gëtt vun de Poren ugepasst an aktualiséiert.
Ech soen Iech villmools Merci.
Résumé en français
- L’Archevêque annule toutes les bénédictions publiques des cimetières à la Toussaint et au Jour des Morts. Les tombes seront pourtant bénites, mais sans publication de date et sans présence des fidèles.
- L’Archevêque invite le public à se souvenir des morts et, si les conditions sanitaires et légales le permettent, de se rendre individuellement aux tombes.
- Les 1er et 2 novembre les cloches sonneront à 12h05 pour honorer la mémoire des défunts.
- Le Cardinal présidera une messe pour les défunts à la Cathédrale le Jour des Morts. Un message vidéo du Cardinal et des prières pour l’occasion seront mis à disposition des intéressés dans les meilleurs délais.


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr