lb fr pt en
Messagen a Medien . Messages et médias  
19. März 2020

Géint all Angscht : An Dir gëtt et Quelle vu Kraaft an Hoffnung!

E Message vum Weibëschof Leo Wagener

Léif Frënn,

Jo, d’Situatioun ass eescht! Mir hunn dat verstanen an dofir handele mir responsabel a solidaresch. Vill vun äis stellen sech jo och ganz eescht Froen an Ängschte kommen op. Et hëlleft net, fir si ze ënnerdrécken an och net fir si nach weider ze verstäerken. Mir dierfen si äis agestoen a mir dierfen driwwer mat anere schwätzen, dat erliichtert. Als Weibëschof bréngen ech Är Ängschten a Froen am Gebiet virun den Herrgott a leeën si a seng Hänn: all Dag! Dat mécht och eisen Äerzbëschof Jean-Claude an dat maachen all eis Geeschtlech.

Fir mech ass et och eescht, datt jidderee vu äis ELO déi Ressourcen a sech selwer unzaapt, déi him Courage an Hoffnung ginn. Wa mir dat net maachen, da kënnen sech eis Ängschten an Aggressivitéit oder Resignatioun auswierken.

Mir stellen äis vill Froen, ob déi personell a materiell Ressourcen duergi fir d’Corona-Kris ze bewältegen. Mir vertrauen drop, datt alles gemaach gëtt, fir si esou gutt wéi méiglech anzesetzen. Mee jidderee vun äis huet och seng eege Ressourcen, déi hie kann a soll aktivéieren: et sinn déi vun der Hoffnung, vum Glaf a vun der Léift.

Si si wéi frësch Quellen an äis dran: mir sollen si fräileeën an aus hinne schäffen! Déi éischt Viraussetzung dofir ass, datt mir vum Karussell vun der Panik erofklammen an äis e Fräiraum vu Rou a Stëllt ginn. Ech ka mir nei bewosst maachen, wat mäi Liewen an der Vergaangenheet mat Sënn erfëllt huet. Wat huet mech bis heihinner gedroen? Famill? - Frënn? – mäin onverbesserlechen Optimismus? – d’Natur mat hirem Räichtum?, mäi Glaf un dat Gutt, mäi Glaf un den Herrgott? De Coronavirus wäert et net fäerdeg bréngen, äis dat alles ze huelen!

Ech selwer loosse mech an dësen Deeg droe vun engem Saz aus der Bibel: Prenez appui sur le Seigneur, sur le roc éternel (Is 26)! D’Stad Lëtzebuerg ass op e Fiels gebaut, deen all Zäiten – och ganz schwéierer – iwwerdauert huet. Dat ass fir mir mech e Bild vun Trouscht. Ech stäipe mech op mäin Herrgott, mäin éiwege Fiels. Du dierfs dat och: Trau Dech nëmmen!

Op d’Fürbittgebiet vun eiser Tréischterin am Leed, vum Hellege Willibrord an allen Hellege soll den Herrgott Iech seenen an an Iech zu enger Quell vun Hoffnung a Kraaft ginn!

Mat Iech,

+ Leo

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu